search

/ Europäesch Auszeechnung fir den 100,7-Podcast iwwer d’Caritas-Affär

Berlin

|
headphones

3 min

Europäesch Auszeechnung fir den 100,7-Podcast iwwer d’Caritas-Affär

D’100,7-Produktioun “Carambolage” iwwert d’Hannergrënn vum Milliounebedruch bei der Caritas krut beim Prix Europa an der däitscher Haaptstad den zweete Präis fir déi bescht europäesch Audio-Investigatioun.

headphones

3 min

De Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel bei der Präisverdeelung zu Berlin am Rathaus. | © Jo Diseviscourt
De Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel bei der Präisverdeelung zu Berlin am Rathaus. (Foto: Jo Diseviscourt)

Ënnert 15 Nominatiounen an der Kategorie “Audio-Investigatioun” vum europäesche Mediepräis Prix Europa huet de Jury zwou Produktiounen ervirgehuewen: D’Auszeechnung “Special Commendation” fir de Caritas-Podcast "Carambolage" am Zeenewiessel, an den Haaptpräis fir “Det Vita Snusets Baksida” vum schwedeschen ëffentlech-rechtleche Radio iwwert d’Hannergrënn vun der Industrie vun de sougenannte wäissen Nikotin-Pouches. 

Am Ganze ware ronn 160 europäesch Produktioune fir de Prix Europa 2025 nominéiert ginn. An der Kategorie vun der beschter Audio-Investigatioun waren nieft den zwee Gewënner nominéiert: 

© Screenshot: rbb
(Foto: Screenshot: rbb)

De Prix Europa fir de beschte Journalist geet un de bulgaresche Journalist Christo Grozev. Hie gëtt fir seng investigativ Aarbecht ausgezeechent, ënnert anerem fir e fréiere Manager aus dem Wirecard-Skandal zu Moskau als russesche Spioun retracéiert ze hunn. 

D'Liewen am Krich an der Gazasträif als bescht Video-Doku

De Präis fir déi bescht Video-Dokumentatioun ass fir “Life and Death in Gaza” vun der britescher BBC.

De Prix Europa ass eng Auszeechnung fir déi bescht europäesch Tëles- a Radiosproduktiounen vum Joer. D'Präisiwwerreechung ass ëmmer am Oktober zu Berlin a gëtt vun ëffentlech-rechtleche Medienhaiser organiséiert. Dëst Joer waren 162 Produktiounen an néng verschiddene Kategorien nominéiert. Fir d'éischte Kéier war och eng Produktioun aus Lëtzebuerg zeréckbehale ginn.