Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
search

/ Presserot hofft opbesseren Ëmgank mat der Press

Accès op Sennenger Schlass

Presserot hofft opbesseren Ëmgank mat der Press

De Presserot krut bis elo nach keng direkt Äntwert vum Formateursassistent, Luc Feller, op hir Fuerderung, datt all d’Journaliste rëm Accès op d’Schlass zu Senneng kréien, fir d’Koalitiounsverhandlungen ze suivéieren.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

An engem Regierungs-Communiqué gouf gëschter Owend awer scho matgedeelt datt en Accès fir d’Press erëm op ass, an och fir all Dag eng kuerz Deklaratioun virgesinn ass. De Vizepresident vum Presserot, Luc Caregari, weist sech trotzdeem enttäuscht iwwer d’Reaktioun vum Assistent vum Formateur an hofft op e besseren Ëmgang mat der Press an noer Zukunft.

 “Mir wieren natierlech awer léiwer dann och, perséinlech kontaktéiert ginn, fir dat  ze bestätegen an, voilà, mir hoffen, datt dat do da lo just e klengen éischte Faux Pas war, an datt an Zukunft e bësse méi sensibel mat de Bedierfnisser vun der Press, ëmgaange gëtt. Ech mengen, déi Parteien hate jo och alleguer an hirem Walprogramm stoen, datt si méi Transparenz wëllen an datt se de Journaliste wëllen Informatiounszougang ginn, souguer CSV hat dat geschriwwen. Dat heescht mir, erwaarden dann och, dass  op Aenhéicht mat eis diskutéiert gëtt an net iwwer Communiqué. “

Lauschterenplay_arrow

De President vum Presserot Roger Infalt hat gëschter eng E-mail un den Assistent vum Formateur Luc Frieden geschéckt, mam Verweis op d’Gesetz iwwert d’ Meenungsfräiheet an de Medien, nodeems de Presserot vu verschiddene Journalisten a Journalistinnen drop opmierksam gemaach gouf, dass d’Press den Accès zum Konferenzzenter vun der Regierung zu Senneng refuséiert kritt hat.