search

/ Presidentschaftswalen a Peru: Konservativ Kandidatin Keiko Fujimori läit vir

Peru

|
reading time

1 min

Presidentschaftswalen a Peru: Konservativ Kandidatin Keiko Fujimori läit vir

Bei de Presidentschaftswalen a Peru läit déi konservativ Kandidatin Keiko Fujimori nom éischten Tour vun de Presidentschaftswale vir. Ronn 63.000 Walberechtegt wieren awer aus diverse Grënn un der Wal gehënnert ginn.

reading time

1 min

Keiko Fujimori | ©  EPA/Renato Pajuelo
Keiko Fujimori (Foto: EPA/Renato Pajuelo)

Allgemeng gëtt sech en zweete Walgang de 7. Juni erwaart tëschent der Kandidatin Keiko Fujimori an ee vu den anere véier Kandidaten. 

D‘Wale selwer ware mat villen Onreegelméissegkeete verbonnen: Verschidde Walbüroen si guer net opgaangen. Ronn 63.000 Leit konnten hir Stëmm net ofginn.

D‘Anti-Korruptiouns-Police huet an der Walzentral Kontrollen duerchgefouert, well Walbulletinen net mat Zäiten ausgeliwwert goufen.