Déi lénk Regierungspartei vum Albin Kurti huet d’Opléisung vum Parlament allerdéngs als rechtswidreg bezeechent.
D’Mandat vun der aktueller Presidentin leeft de véierten Abrëll aus. Fir ee Successeur ze wielen, schreift d’Verfassung vir, datt op d’mannst dräi Véirel vun den 120 Deputéiert musse present sinn. Dat war hei net de Fall.
Wann et zur Neiwale kënnt, wieren dat déi drëtt Parlamentswal bannent engem Joer.
Bei de Walen den 9. Februar 2025 hat déi lénk Regierungspartei Vetevendosje zwar mat enger relativer Majoritéit gewonnen, de Parteichef Albin Kurti hat awer keng Partner fir eng Koalitioun fonnt. Bei den neie Walen am Dezember krut d’Partei dunn awer genuch Mandater, esou datt hie fir déi zweete Kéier a Folleg Ministerpresident konnt ginn.