Radioen

On air

Notturno  |  Velly Joonas - Kaes On Aeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Präisindex weider geklommen

Ekonomie

Präisindex weider geklommen

De Präisindex ass am September weider liicht geklommen, ëm 0,1%, par Rapport zum Mount August. Fir de véierte Mount hannertenee sinn d‘Pëtrolspräisser rëm an d‘Luucht gaangen.

auto_stories

1 min

Den Diesel wier leschte Mount bal 5 % méi deier ginn, beim Bensinn war et eng Hausse vu knapp 2% an den Heizungsmasutt ass iwwer 7 % méi deier ginn. D‘Spritpräisser sinn awer méi déif wéi d‘lescht Joer ëm dës Zäit. De Jores-Inflatiounstaux geet deemno ganz liicht zréck, vu 4,2 op elo 4,1 %.