Radioen

On air

Notturno  |  Vampire Weekend - Mary Boone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Indesch Postkaarte vum Guy Helminger - Kolkata

Post vum Guy

Indesch Postkaarte vum Guy Helminger - Kolkata

Kolkata, dat och haut nach vill Eenheemescher Kalkutta nennen, ass mat senge 15 Milliounen Awunner eng vun deene gréisste Stied an Indien. D’Mënsche versichen hei iergendwéi ze iwwerliewen. Do, wou virun den normale Geschäfter Trottoire sinn, hu sech Händler géigeniwwer laanscht d‘Strooss Kabuffer aus Holz a Plastik gezammert, sou datt d‘Passanten duerch eng Allee aus Commerce spadséieren.

auto_stories

4 min

Foto: Guy Helminger

Op der enger Säit Kleeder an Artikele fir déi déi Mënz hunn, op der anerer Säit alles vum Uebst bis bei de Briquet. E Gewulls, e Gejäiz vermëscht mat dem Tuten an den Ofgaser vun der Strooss hannendrun.

Wat een hei och gesäit si Männer, déi e Chariot zéien, déck beluede mat wat och ëmmer oder de Chariot ass eng Kutsch mat Passagéier, wéi wann déi Männer Päerd oder Ochse wieren. Deen eenzege Wee fir net ze erhéngeren. Nuets schlofe se um Trottoir nieft hire Karen.

Eng indesch Schrëftstellerin, déi ech hei um Festival „Chair Poetry Evenings“ treffen, seet mir owes beim Iessen, et kéint een dovun ausgoen, datt 80 Prozent vun der indescher Populatioun, also net nëmmen zu Kolkata, kee feste Wunnsëtz hätt. 80 Prozent! Dat heescht net, datt se all Sans-Abris wieren, mee se sinn eben néierens fest gemellt, schlofen a liewen an de Kabuffer, aus deenen eraus se hier Wuer verkafen. D’Konsequenz ass, datt et keng Privatsphär gëtt, eppes wat deene meeschten Europäer immens wichteg ass.

Alles geschitt ëffentlech oder eben an der Ëffentlechkeet. A ville Véierel gesäit ee pro Gaass virun engem eenzegen Haus eng hëfthéich Mauer mat Plättercher, déi e Buedzëmmer undeit, a wou all d’Bewunner aus der Strooss sech moies noeneen aseefen a mat Hëllef vun engem Eemer duschen, wärend den Alldag ronderëm weidergeet. Schimmt fir den eegene Kierper ka sech hei kee leeschten. Dofir stéiert et och keen, wann den Noper am Metro oder am Gewulls mécht, wéi wann ee sech scho laang géif kennen. Et gëtt een eben uneneegedréckt. An och wa Plaz ass, klieft ee Been un dem aneren, bis een opsteet a geet. Als Auslänner gëtt ee souwisou ugestuerkt, wéi een Ausserierdeschen, heiansdo eng Minutt laang, well alles ass jo ëffentlech an däerf gekuckt ginn. Ech selwer sinn dauernd gefrot ginn, fir eng Foto nieft der Famill, déi mir bis bei d’Broscht gaangen ass, ze maachen. Ee Meter nonzeg kënnen immens witzeg sinn. Op jiddwer Fall fir déi aner.

Sou aarm vill Leit och sinn, Sue fir d’Gëtter si bal ëmmer do. Ech hunn de grousse Kali-Tempel besicht gehat, den Dakshineswar-Tempel, wou sech laang Schlaangen u Gleeweger lues a lues duerch den Haff Trapen erop bei d’Kali schleefen, an der Hand e Kuerf mat Saache fir ze afferen. Keng Sekonn däerf ee virun der Statue stoe bleiwen, just de Kierfchen, deen ee virdru kaf hat, däerf een ofginn. A wann do nieft de Blummen an dem Räis keng Suen dra leien, freet den zoustännege Priister, ob een se nach all hätt a fuerdert och ouni Schimmt e puer Schäiner. An d’Pilger gräifen da schnell an déif an d‘Täsch, ier se onfrëndlech eraus geschéckt ginn.

Net anescht war et beim klénge Kali-Tempel, dem Kalighat-Tempel, wou d’Priister op der ganzer Anlag mat soss näischt beschäftegt waren, wéi de Leit de Fric aus der Täsch ze zéien. Ech duecht: Kali ass definitiv de Numm vun enger effizienter Geldmaschinn.

Mee de Kalighat-Tempel war interessant, net esou hygienesch clean wéi deen aneren. Villméi ass et nach eng Plaz ginn, wou d’Leit Déiere konnten afferen, och wann haut virun allem Kokosnëss hunn dru gleewe missen. Alles ass voll Schmorri, et dämpt an et séngt vun iergendwou hier an et fillt ee sech e bësschen ausgeliwwert. Virun allem, wann een no enger Stonn waarden an de Kär vum Haapttempel däerf. Et geet d‘Trappen erof laanscht e Käfeg, wou alles drëpst an naass ass, iwwer engem hocke Männer, déi ee weiderdreiwen duerch  e Gejäiz, dat kléngt, wéi wann iergendwou ee geschluecht géif ginn. Ech duecht direkt un den Indiana Jones, deen deemools jo och mat Kali-Unhänger ze kämpfen hat. Mee, wéi gesot, wierklech en authenteschen an interessanten Tempel. 

De Kontrastprogramm hat ech dunn um Festival, wou alles roueg a mat Distanz ofgelaf ass, gutt organiséiert war, a wou ech witzeg Kolleege getraff hunn. Natierlech sinn et och do Ausname ginn, also Poetessen a Poeten, déi esou an hirer maasloser Selbstiwwerschätzung gefaange waren, dat een se gär am Kali-Tempel dovu befreit hätt. Mee dat ass eng aner Geschicht an huet souvill mat Indien ze di wéi mat anere Länner och.