An zwar mat de Kanner, déi zu Lëtzebuerg portugisesch Coursë suivéieren.
D’Kanner hate sech fir déi Visitt gutt virbereet a vill geüübt fir déi portugisesch Nationalhymn kënnen ze sangen. A well d’Visitt vum President am Kader vum Nationalfeierdag am Virfeld vum 10. Juni organiséiert gouf, konnten d’Kanner och erzielen, wat Portugal fir si géif bedeiten.
Dorënner häerzeg Äntwerte wéi d’Plage, d’Vakanzen, oder d’Bomien erëmgesinn. Ee klenge Bouf hat dann awer eng speziell Äntwert dozou: Portugal, dat wier de President, vun deem hien ee Kuss gären hätt, an esou war et och, hie krut säi Wonsch direkt erfëllt.
Wat bedeit d'Visitt vum President Antonio Seguro fir d'Portugisen zu Lëtzebuerg?
D'Leit am Sall hu sech op jiddefall gefreet de portugisesche President kënnen ze gesinn.
"Ech fannen et ganz cool, datt ech de President och gesi kann, och hei zu Lëtzebuerg an net just a Portugal. Dat ass schonn eng interessant Saach an enger Schoul ze sinn an de President esou kennenzeléieren."
"Depuis une semaine que ma fille, elle apprend à tout comprendre de la présidence de Portugal et je trouve c'est tellement important d'avoir la participation des enfants, des écoles avec les événements comme ça."
"Ech mengen et ass ee gudden Dag fir all Portugisen, déi a Lëtzebuerg wunnen, mee och fir Lëtzebuerg, et ass awer remarkabel, datt hien heihinner kënnt en plus virum 10. Juni, well et gëtt awer eng ganz grouss Relatioun tëschent Lëtzebuerg a Portugal, an hoffe mir, datt dat esou bleift."
Och d'Suessemer Buergermeeschtesch ass zefridden
Fir d’Suessemer Buergermeeschtesch Simone Asselborn Bintz war et eng grouss Éier, datt grad hir Gemeng gewielt gouf fir de President Antonio Seguro ze empfänken.
"Et ass eng grouss Éier fir d'Gemeng Suessem. Éischtens fir d'alleréischte Kéier de portugisesche President hei bei eis an der Gemeng ze hunn, dann och hei am Artikuss zu Zolwer, et ass natierlech opgrond vun eiser Associatioun, vun der Adie, déi dat hei en place gesat hunn, well eeben d'Portugisesch, also d'Léiere vun der portugisescher Sprooch ,en honneur war. An dat mengen ech, dat war den Ophänkert dann. Natierlech si mir frou, fir eis do drun dierfen unzehänken, fir da mat hinnen de President ze empfänken an de Premierminister."
An der Gemeng Suessem ginn et iwweregens Coursë fir Kanner, déi parallel zur Grondschoul wëlle Portugisesch léieren. Fir d’Simone Asselborn Bintz wier dat ee wichtegt Element.
"Ech fannen et richteg a wichteg, datt een engersäits Integratioun mécht, dat heescht, déi si, déi Leit liewen hei zu Lëtzebuerg, mee ech fannen et awer och net, net onwichteg, datt een nach ëmmer seng Originne behält an eeben och vläicht a senger Sprooch schwätzt. Ech verstinn dat. Ech setze mech ëmmer an déi selwecht Situatioun. Wann ech an Amerika wunnen, géif ech selbstverständlech mat menge Kanner och Lëtzebuerg schwätzen. An dofir soen ech mir, et soll Integratioun sinn. An dat gëtt gemaach. An awer, mengen ech hu si och nach d'Recht op hir Identitéit."
Ronn 3.000 Kanner sinn zu Lëtzebuerg an deene Coursen ageschriwwen, déi iwwert de Portugal organiséiert a finanzéiert ginn. Et sinn dëst Coursen, déi parallel zur Grondschoul oder dem Lycée besicht ginn. 2 Stonnen d’Woch an et geet net nëmmen ëm d’Sprooch, et geet och ëm d’Geschicht an d’Geographie vum Land:
Wéi eng Motivatioun gëtt et fir d’Kanner an déi Parallel-Coursen ze schécken?
Eng Fro un Elteren.
"Ech war och schonn an der portugisescher Schoul, wou ech kleng war. Dann hu mir geduecht, da geet eist Meedchen och an déi Schoul. An doheem schwätze mir Portugisesch a Lëtzebuergesch. A mir wëllen dat esou weidermaachen."
"Parce que j'espère qu'il continue à étudier et peut-être qu'il pouvait faire l'Université de Portugal et c'est bon pour lui de parler le portugais correctement."
Am Artikuss si portugisesch Kanner opgetrueden, et war fir ënner anerem och d’Geleeënheet am Virfeld d’Nationalhymn, grad wéi d’Roll vum President oder vum Premierminister kennenzeléieren.
Zum Schluss vu senger Visitt hat de portugisesche President Antonio Seguro an der Philharmonie eng weider Renconter mat senge Landsleit. Do huet hien dem Orlando Pinto, Bauentrepreneur zu Lëtzebuerg, de portugiseschen Ordre de mérite fir Entrepreneuren decernéiert. Den Orlando Pinto leet d’Firma Sopinor, déi zu Lëtzebuerg ee groussen Deel vum Tracé vum Tram gebaut huet. Hien gëtt am Milieu dowéinst Mister Tram genannt.