Viru ronn 20 Joer scho gouf den Haff zu Sprénkeng, deen elo vum Luc Emering gefouert gëtt, op Bio ëmgestallt, haut ass e spezialiséiert op der Mascht vu Pouleten.
“An och op der Veraarbechtung vu Spelz, wou mer Nuddelen hei um Haff produzéieren, a mer sinn am gaangen, en zweet Standbeen opzebaue wou mer an Zukunft nach Eeër hei produzéieren.”
Zanter senger Kandheet war fir de Luc Emering kloer, datt hie Bauer wollt ginn. No senger Première huet hien zu Binden Agrarwirtschaft studéiert an huet vu klengem un am Betrib gehollef.
“Ech hunn en d‘lescht Joer vu mengem Papp iwwerholl, dunn hunn ech mech installéiert. An, voilà, ech sinn eigentlech elo haaptberufflech Bauer, an elo hunn ech nach en zweete Job derbäi kritt.”
“Eng grouss Erausfuerderung”
Bei de Chamberwale gouf de Luc Emering direkt am éischten Ulaf gewielt. Mat 11.837 Stëmme gouf hien de Véierten op der DP Lëscht am Süden, an hie war selwer doriwwer iwwerrascht. D’Mandat als Deputéierte mam Beruff als Bauer ze meeschtere gëtt eng Erausfuerderung betount de Luc Emering.
“Elo ass zum gléck emol Wanter, dann hu mer hei am Betrib manner Aarbecht. Mee et ass kloer, am Fréijoer muss ech Hëllef organiséieren hei am Betrib.”
Déif verankert a senger Regioun
De Luc Emering ass keen ongeschriwwent Blat. Schonn 2017 gouf hie bei de Gemengewalen zu Dippech an de Conseil gewielt, dëst Joer ass hien do als éischte Schäffen nogeréckelt. Vun 2020 bis 2023 war de Luc Emering och Präsident vun de Jongbaueren a Landjugend. Hien ass deemno déif verankert an der Landwirtschaft an a senger Regioun. An hie gëllt als bescheiden, éierlech, mat engem Wëllen, Problemer ze léisen, an de Kontakt mat de Leit ze sichen.
"Walkampf hunn ech net vill gemaach. Ech hu vill mat de Leit geschwat. Ech hu mech awer distanzéiert fir op all Fest ze goen a vill Selfien ze posten. Ech hu ville Leit nogelauschtert, an déi hu mer ganz vill gesot, datt se d‘Flemm hunn, permanent konfrontéiert ze gi mat Walkampf, an ech mengen, dat hunn ech e bësse seriö geholl”
Ausschlaggebend ware Propose vun anere Parteien
Dobäi wollt de Luc Emering eigentlech guer net fir d‘Chamberwale kandidéieren. Mee hie wier vun DP Leit, besonnesch dem Premier Xavier Bettel, ëmmer nees encouragéiert ginn, awer mat ze goen. Ausschlaggebend waren dann och am Walkampf Propose vun der LSAP an anerem, fir eng Aarbechtszäit-Verkierzung. Dat hätt hien immens opgereegt.
“Ech hu vill mat de Leit, déi mer nostinn doriwwer diskutéiert, an déi sote mer, ma da géi mat, an da probéiers de dat ze änneren, an dat war eigentlech fir mech den Ureiz och.”
D‘Motivatioun elo als Deputéierten ass fir de Luc Emering ganz kloer d‘Landwirtschaft an d‘Ëmwelt. Hien ass bis elo deen eenzege Bauer deen an der neier Chamber vertrueden ass.
D'Landwirtschaft steet ënner Drock
Hie géing awer hoffen datt anerer Kolleegen aus der Landwirtschaft wéi de Jeff Bohnen, vun der CSV, nach norëtschen. Well de Landwirtschafts-Secteur, mat ronn 1.500 Betriber zu Lëtzebuerg, stéing ënner Drock:
“Mir hunn iwwer déi lescht 30 Joer Hallschent vun de Betriber verluer. Aktuell hu mer an der Moyenne 50 Betriber pro Joer, déi ophalen, an 10 - 15 Betriber, déi vun engem Jonken iwwerholl ginn. Dat heescht netto hu mer tëscht 30 a 40 Betriber, déi mer all Joer verléieren.”
De Bauere-Beruff fir Jonker nees méi attraktiv maachen, d‘Ausbildung op der Ackerbauschoul ausbauen, oder d‘Bauere-Betriber diversifizéieren. Dat wieren e puer Léisungs-Usätz fir d‘Problemer am Secteur, seet de Luc Emering.
“Net ee géint deen aneren ausspillen”
Obwuel hie selwer Bio-Bauer ass, well hie weider esou maachen, wéi a sengem viregter Roll als President vun de Jongbaueren a Landjugend:
“Ech hunn ëmmer probéiert, dat Ganzt als eng Landwirtschaft ze kucken. Ech menge mir hu ganz vill konventionell Betriber, déi och nohalteg schaffen, et gi gutt a schlecht Baueren am Bio Beräich an am konventionelle Beräich. Ech wëll do net ee géint deen aneren ausspillen.”
Déi Jonk, d’Landwirtschaft an d’Ëmwelt-Theme vertrieden
Och bei den aktuelle Koalitiounsverhandlungen tëscht CSV an DP ass de Luc Emering derbäi. Hien ass an zwou Aarbechtsgruppe Landwirtschaft an Ëmwelt:
“Ech sinn effektiv gefrot ginn, vun der DP, der Parteispëtzt, fir do mat ze maachen. Engersäits, well ech dee Jéngste sinn, dee gewielt ass bei eis op der Lëscht also fir e bëssen déi Jonk ze vertrieden, awer och fir d‘Landwirtschaft, d‘Ëmwelt-Themen ze vertrieden, Ech probéieren do meng Erfarunge mat afléissen ze loossen.”
De Luc Emering fënnt, datt d’DP a verschiddene Punkte méi wäit geet wéi d’CSV. Fir hien ass et kloer, datt egal wei eng Koalitioun d’Land géif regéieren, Sujet Klimaschutz, Biodiversitéitsverloscht a Waasserschutz ëmmer wichteg misste sinn. Den Ament hätt hien och d’Gefill datt dat an de Gespréicher de Fall wier.