De Premier Luc Frieden, dee scho beim leschte Politmonitor op déi 8. Plaz gefall war, ass bei den Ëmfroen nach weider gefall: Hie beleet elo déi 12. Plaz.
Et wier déi éischte Kéier, datt ee Regierungschef net ënner den Top 10 ass, schreift d‘Lëtzebuerger Wort.
Den Nach-Aarbechtsminister Georges Mischo beleet iwwerdeems déi 32. Plaz. Säin Nofollger, de Marc Spautz, läit iwwerdeems knapps virum Premier.
ADR um Wupp vun der Tabell
Vun der 10. op déi 5. Plaz huet et iwwerdeems d‘Verdeedegungs- a Gläichstellungsministesch Yuriko Backes gepackt.
Déi fënnef Lescht Plaze ginn un d‘ADR-Deputéiert Fred Keup, Alexandra Schoos an Tom Weidig, grad ewéi un de Pirat Marc Georgen an awer och den DP-Deputéierte Gerard Schockmel.