De Luc Frieden huet den Accord an der Chamber als grousse Succès beschriwwen.
"An enger Welt, déi duercherneen ass, wou et vill Onrou gëtt, wou et Kricher ginn, wou et vill onzefridde Leit gëtt, brénge mir et fäerdeg zu Lëtzebuerg, fir am Dialog Léisungen ze fannen, déi de Leit méi Sécherheet gëtt, déi d'Kafkraaft schützt, an déi d'Betriber stäerken."
Piraten: Inflatioun géif just verréckelt ginn
Dat wier alles schéin a gutt, sot de Sven Clement, Deputéierte vun der Piratepartei. Mee et kéint een net soen, datt een d'Inflatioun hei mat an de Grëff kritt. De STATEC géif a senge Berechnunge kloer soen:
"Mir drécken d'Inflatioun net, mir verschuppele se just op d'Joer drop. Dës Regierung mécht nees dat, wat se esou oft mécht: Politik op Käschte vun der Zukunft."
"D'Rechnung kritt d'Allgemengheet", soen déi gréng
Déi gréng Deputéiert Sam Tanson huet d‘Verlängerung vum Tankrabatt kritiséiert. D'Regierung hätt de Klima-Pad verlooss.
"D‘Rechnung kritt spéider d'Allgemengheet. Well wann een de Klimapfad verléisst, da gëtt et deier, fir duerno nees drop zeréckzekommen. Duerfir meng Fro och hei: Hutt dir berechent, wéi een Impakt dës Mesuren op eis Klimaziler hunn? An och: Wat ass da lo de Plang vun der Regierung, fir nees on track ze kommen?"
Tankrabatt fir d'ADR net laang genuch
Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup huet den Tankrabatt aus aner Grënn kritiséiert. E wier net héich an net laang genuch.
"A stellt Iech emol vir, mir géife beim Diesel nach e bëssen erofgoen. Da géifen d'Camionen, déi elo an der Belsch tanken, erëm zu Lëtzebuerg tanken an da kéimen nees Honnerte Milliounen an de Staatsbeidel."
Ronn 150 Milliounen Euro kascht d‘Verlängerung vun de Energiesubventiounen, huet de Luc Frieden nach an der Chamber widderholl. Déi dofir eventuell néideg Adaptatiounen um Budget wäert de Finanzminister der Chamber nach matdeelen.
De Comité de suivi Tripartite koum gëschter zesumme fir iwwer déi aktuell Mesuren ze decidéieren. Dobäi gouf entscheet, datt den Tankrabatt vu fënnef Cent pro Liter Bensinn an Diesel bis Enn Februar 2027 verlängert gëtt. All déi aner staatlech Energie-Subventioune fir Stroum, Mazout a Gas – déi schonn a Kraaft sinn – gi fir dat ganzt nächst Joer verlängert.