Radioen

On air

Notturno  |  Boygenius - Not Strong Enough

play_arrow Live
search

/ Police warnt viru manipuléierte Bancomaten

Bedruch

Police warnt viru manipuléierte Bancomaten

An der Lescht goufen ëmmer méi Bedruchsfäll gemellt. An dësem Fall, géif et drëm goen, datt d’Bancomatskaart am Lecteur stieche bléift. Entweder gëtt d‘Affer iwwer en Autocollant um Bankomat opgefuerdert säi Pincode nach eemol anzeginn oder eng Persoun taucht op, déi “hëllefe” wëllt.

auto_stories

1 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Rüdiger Rebmann
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Rüdiger Rebmann)

Déi Onéierlech probéieren doduercher un de Pin ze kommen oder awer un déi blockéiert Kaart. Sollt eng Kaart blockéiert sinn, sollt een de Pin net méi aginn. De Code sollt een och ni un eng Drëttpersoun weider ginn. Et sollt een d‘Kaart da blockéiere loossen a seng Bank kontaktéieren.