Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Diamond Dancer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Plang fir Bréck tëscht Meechtem a Nittel an Däitschland konkretiséiert sech

Landesplanung

Plang fir Bréck tëscht Meechtem a Nittel an Däitschland konkretiséiert sech

Déi geplangte Vëlos- a Foussgängerbréck tëscht Meechtem an Nittel an Däitschland, gëtt ëmmer méi konkret.

auto_stories

1 min

An enger Question parlementaire vun deene Grénge confirméiert de Landesplanungsminister Claude Turmes, dass säi Ministère a Kontakt ass mat den zwou betraffene Gemenge Wuermer an Nittel fir dee Projet ze begleeden. Well et ee grenziwwergräifende Projet ass, géif en och vum europäesche Programm Interreg finanziell ënnerstëtzt ginn.

Deemnächst soll eng Faisabilitéits-Etude gemaach ginn.