arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Plattformaarbecht: Déi Lénk kritiséieren den Aarbechtsminister Marc Spautz

Aarbechtswelt

|
reading time

1 min

Plattformaarbecht: Déi Lénk kritiséieren den Aarbechtsminister Marc Spautz

Déi Lénk verschäerfen hir Kritik un der Regierung an um Aarbechtsminister Marc Spautz am Dossier vun der Plattformaarbecht. Si geheien der Regierung vir en Ausbeutungsmodell ze laang toleréiert ze hunn.

reading time

1 min

D’Annonce dës Woch vum Marc Spautz fir méi Kontrollen an enger Analys vun den Aarbechtsrelatiounen an deem Secteur géife weisen, datt  d‘Regierung net Bescheed wéisst, wéi déi Plattforme wierklech funktionéieren.

Déi Lénk geheien der Regierung „Negligence“ fir, well se zougelooss hätt, datt sech e Wirtschaftsmodell entwéckelt huet, deen op Ausbeutung géif baséieren.

Opruff fir op Gesetzpropositioun zeréckzegräifen

D‘Regierung schafft den Ament un der Ëmsetzung vun enger EU-Direktive fir d‘Plattformaarbecht an de Statut vun deenen déi fir Plattforme schaffen, gesetzlech ze reegelen.

Déi Lénk ruffen d‘Regierung op, op eng entspriechend Gesetzpropositioun zeréckzegräifen, déi déi Lénk am Februar deposéiert haten.