Bei den Optrëtter vu Les Enfoirés huelen traditionell 50 Artisten an Artistinnen deel fir Sue fir Iessen a Kleedung fir Leit an Nout ze sammelen.
De Patrick Bruel ass a fënnef Fäll der Vergewaltegung respektiv sexuellen Iwwergrëffer ugeklot, dat esouwuel a Frankräich wéi och an der Belsch. Ënner anerem ee Schwäizer Festival huet de Sänger elo ausgelueden. Och d'Gemenge vu Marseille a Paräis hunn de Patrick Bruel elo opgeruff, op seng Optrëtter am Summer ze verzichten.
Bei engem vu senge rezenten Theaterduerstellungen huet de feministesche Kollektiv Nous Toutes mat Banderolen a militante Skandéierungen den Optrëtt gestéiert.