Op de soziale Medien zirkuléiert zanter dem Weekend ee Bild, op deem ze liesen ass, datt eng Annonce vun der Piratepartei Osten vum Co-Spëtzekandidat Daniel Frères sengem Déiereschutzverain bezuelt gi wier.
De Sven Clement schwätzt vun enger “technescher Manipulatiounsschwieregkeet”, doduerch wier dee “falschen Affichage zu Stane komm”. Et géif ee sech wonneren, datt dëse Fall “esou grouss opgebauscht gëtt”, seet den nationale Spëtzekandidat.
"Et ass esou, datt ënnert dem digital service act eng ganz Rëtsch Obligatiounen op d’Parteien zoukomm sinn. A mir stelle fest, datt déi meeschte Parteien sech guer net drun halen, datt hir Kandidaten also net mol een Disclaimer op Facebook oder op anere Medie schalten an domat u sech net nëmmen een technesche Feeler beginn ,mee tatsächlech ee rechtleche Feeler beginn. An deem heite Fall ass een technesche Feeler virkomm, wéi probéiert gouf, sech un déi rechtlech Virgaben ze halen. Mir als Partei kucken dat natierlech ganz strikt an et ass och ganz kloer, datt mir permanent een Aen drop hunn. An dofir hu mir dat och dem Här Frères nach eng Kéier explizitt gesot an déi néideg Ännerunge sinn och mëttlerweil geschitt."
Well Wal-Annoncë vun de Piratepartei Oste mat enger privater Visa-Kaart bezuelt gi wieren, géif den Daniel Frères d’Bezuelung als Don un d’Partei uginn.
Ëm wéi vill Annoncen op Facebook an ëm wéi eng Zomm et an dësem Fall geet, respektiv wéi vill Suen d’Piratepartei an hir Kandidaten am Total an dëser Campagne fir Reklammen op soziale Medien ausginn, wollt de Sven Clement haut net soen.