Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
search

/ Philippe Poirier: Verloschter vun de grénge weisen, wéi volatil d'Walverhalen ass

Uni.lu

Philippe Poirier: Verloschter vun de grénge weisen, wéi volatil d'Walverhalen ass

D’Uni Lëtzebuerg mécht eng detailléiert Analys vum Walverhale bei de Chamberwale leschte Sonndeg eréischt an den nächste Méint. Geplangt ass wéi 2018 ee gréissere Sondage an eng Analys vum Panachage op Basis vu Walziedelen.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Eng Ëmfro, déi d’Uni am Summer gemaach huet, deit dem Politolog Philippe Poirier no drop hin, datt Kafkraaft a Logement d’Wielerinnen a Wieler dëst Joer am stäerkste mobiliséiert hunn.

Déi staark Verloschter vun deene gréngen illustréieren a sengen Aen, wéi volatil d’Walverhalen hautdesdaags ka sinn, wou Themen d’Walverhale méi staark beaflossen, ewéi eng politesch Kultur, déi fréier eng grouss Roll gespillt huet.

“La culture politique figeait le vote auquel on s’identifiait. Tandis que là, je n’aime pas le terme mais c’est la démocratie fluide en fin de compte. Et suivant cette fluidité de thèmes ou de préoccupations, et bien on peut avoir un réalignement partiel ou brutal. Et dimanche dernier, le réalignement brutal, c’était pour les Verts. Mais rien ne dit que cela ne puisse pas arriver à ce qu’on appelle les trois grands partis. Et rien net dit que cela ne puisse pas arriver positivement ou négativement à ce qu’on appelle les petits partis."

Lauschterenplay_arrow