Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Pëtrolstanker steet virun der däitscher Ostseeküst a Flamen

7 Matrouse goufe gerett

Pëtrolstanker steet virun der däitscher Ostseeküst a Flamen

Virun der däitscher Ostseeküst steet een 73 Meter laange Pëtrolstanker a Flamen. Dat op der Héicht vu Kühlungsborn a Mecklenburg-Vorpommern. D‘Feier ass aus bis elo onbekannter Ursaach ausgebrach.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Christopher Hirsch
Foto: picture alliance/dpa | Christopher Hirsch

Ee Rettungsschlepper an en Helikopter sinn op der Plaz. Eng 7 Matrouse konnten a Sécherheet bruecht ginn.

D‘Schëff transportéiert eng 640 Tonnen Ueleg. Vun der Küst aus ass décke schwaarzen Damp ze gesinn.