Radioen

On air

Moiesstudio  |  Sofy - Socks

play_arrow Live
search

/ Peter Pan de Kensington: E Peter Pan ouni Wendy an Neverland

Comic Rezensioun

Peter Pan de Kensington: E Peter Pan ouni Wendy an Neverland

Peter Pan de Kensington, sou heescht de leschte Comic vum José-Luis Munuera. Am Plaz sech, wéi Disney oder de Steven Spielberg, fir seng Interpretatioun op dem James Barrie säi Roman oder Theaterstéck ze baséieren, huet de spuenesche Comic-Auteur méi déif an de Quellentirang gegraff.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Dem James Barrie säi Peter Pan ass méi grouss wéi säin Auteur, oder déi eenzel Filmer, Bicher, Theaterstécker, Comics an och Videospiller, an deenen e virkënnt. Dat ass och zimmlech ironesch: De Peter Pan ass ee Bouf, deen net grouss wëll ginn.

De spueneschen Auteur José-Luis Munuera huet decidéiert, dat alleréischt Buch iwwer de Peter Pan als Quellematerial fir säi Comic ze benotzen. Dat heescht Little White Bird. An dem Buch huet den James Barrie éischter e puer Geschichten a Gedichter zesummegedoen, déi hien de Kanner vu senge Kolleegen a Kolleeginne gezielt huet. Wéi de Lewis Carroll, Auteur vun Alice in Wonderland, huet sech den Här nämlech vill vun de Kanner a sengem Ëmfeld inspiréiere gelooss.

De Peter Pan, wéi mir e kennen?

D’Wendy kënnt net vir, d’verluere Kanner an de Käpt’n Hook ginn nëmmen ugedeit, an d’Geschicht spillt am Kensington Park an iwwert den Diecher vu London, net am Neverland. De Peter Pan ass vum Charakter hier de selwechten. Amplaz dem Wendy geet geet d’Geschicht der klenger Maimie Mannering no. Si huet sech an am Kensington Park verluer, an d’Sonn geet ënner. Wärend der Nuecht ass et Mënsche verbueden, am Park ze sinn, an d’Feeën, déi elo erwächen, si guer net begeeschtert, wéi si d’Maimie no hiren Eltere kräischen héieren.

D’Léisung vum Problem ass et, dat 6-järegt Meedchen ze iessen, sou lecker gesinn dach seng kleng Fangeren aus. De Peter Pan verjot si, a freet d’Maimie, wat hat ass. Hie freet net no sengem Numm, mee no deem, wat hat ass. “Ma, fir meng Mamm sinn ech een Engel,” seet d’Maimie, “a fir mäi Papp sinn ech eng Prinzessin.” “Also muss du eng Engelsprinzessin sinn,” deduzéiert de Pan. Vun do u ginn si zesummen op aventure. 

En Zeechestil deen erzielt, ouni eppes ze soen

Den Zeechestil reusséiert: Hei gi grouss Nuesen à la franco-belge mam amerikanesche Cartoon-Stil gemëscht. A wann - an dat ass kee Spoiler, dat konnt een sech erwaarden - d’Maimie an de Peter fléien, fléien si och iwwert d‘Thames Floss, an et gesäit een, wéi de Floss si spigelt, an engem ganz aneren, bal impressionistesche, Waasserfaarf-Stil. Am Hannergrond sinn dréif industriell Hafegebaier, op engem Faass observéieren zwou Raten d’Zeen, a genau dat verwonnert. Well, wéi an all guddem Comic, gëtt hei eppes gesot, ouni et ze soen. 

Datt d’Maimie an de Peter tëschen zwou Welte schwiewen, tëschent Dram an Erwächen, Fiktioun a Realitéit, Kandheet an net-Kandheet. Tëschent Liewen an Dout. Dëst gëtt vun der däischterer Faarfpalett vun der Koloristin Sedyas wonnerbar ënnermoolt, oder iwwermoolt.

Literareschen Déifgang an zeechnereschen Usproch

D’Buch ass net dofir gëeegent, et engem senge jonke Kanner virzeliesen. Fir all Mënsch vun ongeféier 11 Joer un ass et awer ee magescht Erliefnes. Méi magesch, wéi d’Disney Filmversioun. Wann een d’Buch mat Filmer vergläiche wëll, leie Pan’s Labyrith vum Guillermo del Toro oder The Lord of the Rings: The Fellowship of the Ring vum Peter Jackson méi op der Hand.

Peter Pan de Kensington huet Witz, Charme, Stil, Häerz a Séil; literareschen Déifgang an zeechnereschen Usproch. Et ass tatsächlech ee vun de beschte Comics déi ech iwwerhaapt gelies hunn.

Dem José-Luis Munuera säi Meeschterstéck gëtt vun Dargaud Benelux publizéiert. En ass an all Geschäft ze fannen, dat sech mat der Comic Buch Aktualitéit beschäftegt.

Lauschterenplay_arrow