Radioen

On air

Mëttesrascht  |  TLC - No Scrubs

play_arrow Live
search

/ Police mécht Zeienopruff wéinst Kierperverletzung zu Huldang

Persoun mat Stéchwonne fonnt

Police mécht Zeienopruff wéinst Kierperverletzung zu Huldang

D‘Police mécht een Zeienopruff no engem Fall vu Kierperverletzung hënt zu Huldang. Op engem Busarrêt hätten d‘Asazkräften eng Persoun mat enger Stéchwonn fonnt.

auto_stories

1 min

Police | © Adobe Stock

Se wier an d‘Spidol bruecht ginn. Éischten Erkenntnisser no hätt et eng Ausernanersetzung tëscht dem Affer an dem Täter ginn. Eng Enquête leeft. All Informatioune si fir d‘Police vun Ëlwen.