Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
search

/ Pentagon an NATO confirméiere Presenz vun nordkoreaneschen Zaldoten a Russland

Krich an der Ukrain

Pentagon an NATO confirméiere Presenz vun nordkoreaneschen Zaldoten a Russland

Souwuel d‘NATO, wéi och d‘USA confirméieren, datt Nordkorea Zaldoten a Russland geschéckt huet. D‘NATO hätt Beweiser dofir, esou ee Spriecher, ouni awer Detailer ze nennen. Firwat d‘Zaldoten dohinner geschéckt gi wieren, wier onkloer, esou sengersäits den US-Verdeedegungsminister Lloyd Austin virun der Press.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Photoshot

Wa si d‘Intentioun hätte fir am Numm vu Russland am Krich géint d‘Ukrain Deel ze huelen, da wier dat ee ganz ganz seriöe Problem, esou nach de Chef vum Pentagon, ouni weider Detailer ze nennen. Zënter Deeg ginn et Berichter, datt bis zu 12.000 nordkoreanesch Zaldoten am Numm vu Russland an der Ukrain kämpfe sollen.

Dem südkoreanesche Geheimdéngscht no hätt Nordkorea bis ewell schonn 3.000 Zaldoten a Russland geschéckt. Si géife sech a Militärbasen do ophalen, wou si scheinbar op den Asaz géint d‘Ukrain virbereet géife ginn.

Den däitschen Ausseministère huet wéinst de Meldungen den nordkoreanesche Chargé d‘affaires aberuff.