Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pensiounsreform een Haaptsujet bei de Chamberdebatten

Ried zur Lag vun der Natioun

Pensiounsreform een Haaptsujet bei de Chamberdebatten

D’Chamberdebatten iwwer d’Ried zur Lag vun der Natioun hunn ugefaangen: Am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen um Krautmaart stinn d’Pensiounsreform an d’Sozialpolitik.

auto_stories

2 min

Luc Frieden, Ben Polidori, Taina Bofferding | © Chambre des Députés
Luc Frieden, Ben Polidori, Taina Bofferding (Foto: Chambre des Députés)

Fir d’CSV huet de Fraktiounschef Marc Spautz betount, datt d’lescht Joer vill Annoncë gemaach gi wieren, an och vill ëmgesat gi wier.

Bei der Pensiounsreform wier eng breet Zoustëmmung wichteg, esou den CSV-Politiker.

Pläng fir Ofsécherung vum Pensiounssystem fir 15 Joer

Déi zoustänneg Ministerin Martine Deprez hätt “mat all de Leit geschwat”, och mat deene Jonken, déi am meeschte betraff wieren, esou de Marc Spautz.

“Schlussendlech si si et, déi dat alles musse bezuelen, an et si si, déi musse wëssen, wat op si zoukënnt a 40 Joer, wa si dann och d’Chance an d’Gléck hunn, da kënne gesond an d’Pensioun ze goen.”

Dem Marc Spautz no wieren elo Decisioun ze huelen, fir de System fir 15 Joer ofzesécheren.

Wat d’Moderniséierung vum Aarbechtsrecht ugeet, hätt seng Meenung zwar net geännert, mee et sollt elo an den zoustännege Chamberkommissiounen doriwwer geschwat ginn. De Sozialdialog géif wichteg fir déi sozial Kohäsioun bleiwen, huet de Marc Spautz ënnerstrach.

Och dem DP-Fraktiounschef Gilles Baum no, misst beim Pensiounssystem gehandelt ginn, an et misste Mesurë geholl ginn.

“Op där enger Säit wosste mir, dass mir misste kucken, de reellen Antrëttsalter méi no un de legalen Antrëttsalter erunzekréien. Wichteg ass fir eis, (...) dass d’Studiejoren an d’Babyjore bäibehale ginn.”

Den Detail misst awer ofgewaart ginn, esou de Gilles Baum, fir deen och a puncto Flexibilitéit vum Aarbechtsrecht Reformen néideg wieren.

Taina Bofferding: Jonker musse méi laang schaffe goen

An den Ae vum Taina Bofferding vun der LSAP hätt de Premier Luc Frieden um Dënschdeg an der Ried zur Lag vun der Natioun eng “déck fett Kaz aus dem Sak gelooss” a Saache Pensiounen.

“D’Zil, de Prinzip, wou Dir gär wëllt hikommen, ass awer ganz kloer: Dir sot nämlech näischt anescht, andeems Dir d’Cotisatiounsjore lues a lues, wann och progressiv, eropsetzt, heescht näischt anescht, wéi dass déi jonk an och déi manner jonk Generatiounen an Zukunft musse méi laang schaffe goen, fir eng Pensioun ze kréien.”

Dat wier de falsche Wee, huet d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding an der Chamber betount.