Radioen

On air

Notturno  |  Frank Zappa - You Are What You Is

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pedro Sanchez ënner Drock fir Regierung ze forméieren

Spuenien

Pedro Sanchez ënner Drock fir Regierung ze forméieren

A Spuenie ginn d‘Consultatioune fir eng nei Regierung weider. De Kinnek Felipe huet op en neits d‘Parteicheffen empfaangen. Fir d‘éischt gouf de sozialistesche Premier vu bis elo Pedro Sanchez empfaangen. Duerno war e Gespréich mam Oppositiounsleader vun der konservativer Vollekspartei PP, den Alberto Nuñez Feijóo.

auto_stories

1 min

© picture alliance / AFP7 | Oscar J. Barroso
Foto: picture alliance / AFP7 | Oscar J. Barroso

Et gëtt erwaart, datt de Kinnek dem Sanchez wäert den Optraach ginn, eng nei Regierung ze forméieren.

No den éischte Consultatiounen am August hat de Felipe 6. dem Feijóo deen Optrag ginn. Deem seng PP hat bei de Parlamentswalen, Enn Juli méi Stëmme kritt wéi di sozialistesch Partei. Mee d‘Kandidatur vum PP-Chef war d‘lescht Woch am spuenesche Parlament rejetéiert ginn.

De Sanchez steet awer ënner Drock, hien ass, ënner anerem op déi katalanesch Separatiste vum Carles Puigdemont ugewisen, fir eng Majoritéit op d‘Been ze kréien. Wa bis de 27. November kee Regierungschef fonnt gouf, muss a Spuenien, am Januar nei gewielt ginn.