Aus alle Wolleke gefall wier si net, wéi déi dräi belsch Regiounen Enn leschter Woch annoncéiert hunn, am Mee 2027 ee Peage-System op den Autobunnen anzeféieren, seet d’Transportministerin Yuriko Backes am 100,7-Interview.
"Gutt Diskussiounen" am Virfeld
Si hätt um Niveau vun der federaler Regierung iwwer dee Sujet “schonn eng ganz gutt Diskussioun” mat hirem belschen Homolog gehat.
Leider wieren duerno d’Transportministeren aus den dräi Regiounen net - wéi ofgemaach - mat der Lëtzebuerger Regierung a Kontakt getrueden, éier si d’Mesure annoncéiert hunn.
Déi Annonce gouf vu Lëtzebuerger Säit net begréisst, esou d’DP-Ministerin.
"Natierlech si mir net frou doriwwer. Mir regrettéieren dat doten."
Keng europäesch Approche
D’Lëtzebuerger Regierung géing et am Allgemenge bedaueren, datt ee Peage-System net “an engem gréissere Kontext um europäeschen Niveau” diskutéiert gëtt, amplaz datt Biergerinnen a Bierger “mat enger Panoplie vu Vignette confrontéiert ginn”.
"Ech fannen dat net gutt. Et ass fir mech net d'Visioun, wéi mir éischtens an der Groussregioun an zweetens am Schengen-Raum, respektiv an der EU zesummeschaffen an operéiere sollten."
Negativen Impakt op Verkéierssituatioun
D’Maut op den Autobunne wäert een negativen Impakt op verschidde Gemengen hunn, dovun ass d’DP-Ministerin iwwerzeegt.
Leit, déi keng Vignette kafe wëllen, kéinten op méi kleng Stroossen auswäichen. Dat kéint, fäert d’Yuriko Backes, och een Impakt op d’Sécherheet op de Stroossen hunn.
Etüden iwwer den Impakt vum Peage wieren hir net bekannt, esou och d’Transportministerin.
Belsch Maut am Contraire zum däitsche Projet konform mam EU-Recht?
Eng Fro, déi sech stellt, ass déi, ob déi belsch Maut konform wier mam EU-Recht.
De Präis vun der Vignette wier gestaffelt: Wien een Elektroauto huet, ass mat 90 Euro am Joer derbäi. Deenen anere gi jee no CO2-Emissioun tëschent 100 an 120 Euro am Joer ofgeknäppt.
Belsch Bierger:inne géifen um Enn net méi bezuelen, esou d’Annonce déi lescht Woch vu verschiddene regionale Ministeren. Parallel zur Maut géing de System fir d’Autossteier reforméiert ginn. Doduerch géingen déi belsch Bierger:inne fir d’Käschte fir d’Vignette entschiedegt.
En änleche Plang fir eng Maut an Däitschland gouf 2019 vum Europäesche Geriichtshaff verworf, mam Argument, d’Mesure géing aner EU-Bierger:innen diskriminéieren.
EU-Kommissioun reagéiert éischter positiv
Déi Europäesch Kommissioun gesäit dat méiglecherweis anescht.
Op eis Nofro huet si éischter positiv op déi belsch Annonce reagéiert. D’EU-Gesetzer géingen ee Land net drun hënneren, eng Reform vu sengen nationale Gesetzer fir Taxen op Stroossen a fir d’Besteiere vun Autoen ze maachen.
De Porte-parole vun der Kommissioun weist drop hin, datt déi geplangte Reduktioun vun der Autossteier net identesch ass mat der Maut, an datt een Auto mat méi héijen Emissiounen net géif dovu profitéieren.
D’Aussoe vun der Kommissioun deiten drop hin, datt d’Belsch hei eventuell ee Wee fonnt huet fir laanscht eng Verurteelung vum Europäesche Geriichtshaff ze kommen.
Wa belsch Bierger:innen duerch eng Remise op der Autossteier am Contraire zu all deenen aneren, déi op hiren Autobunne fueren, entschiedegt ginn, kéint een dat “schonn als diskriminatoresch ugesi ginn”, mengt dozou d’Yuriko Backes.
Ofwaarden a sech mat Nopeschlänner concertéieren
Ee konkreete Plang, wéi Lëtzebuerg op d’Annonce aus der Belsch reagéiert, gëtt et nach net. Och net ob eng Plainte virum Europäesche Geriichtshaff envisagéiert gëtt.
Et wier schwéier, eng Analys ze maachen, éier déi juristesch Texter virleien, erkläert d’Yuriko Backes. D'Belsch misst déi Texter elo ausschaffen.
"Ech wäert weider am Kontakt bleiwe mat deenen aneren Nopeschlänner, déi och net ganz frou sinn iwwer dës belsch Mesuren."
Déi Lëtzebuerger Transportministerin hofft och, datt si trotzdeem “an dëser Consultatiounsphas am gudden Dialog mat eise belschen Noperen” diskutéiere kann.