Radioen

On air

9 bis 1  |  World Brain - Open

play_arrow Live
search

/ Paulette Lenert: "Mir sinn diskussiounsbereet"

Chamberwalen 2023

Paulette Lenert: "Mir sinn diskussiounsbereet"

D’Paulette Lenert weist sech zefridde mam aktuelle Score, deen hir Partei d’LSAP bei dëse Wale gemaach huet. Si wieren den Ament ëmmer nach déi zweetstäerkst Partei, an et géif bis zum Schluss spannend bleiwen, esou d’Paulette Lenert.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

"Jiddefalls sinn ech ganz frou, datt mir zumindest a Fro komme fir eng Regierungspartei ze sinn. Mir sinn dobäi, mir sinn diskussiounsbereet an dat ass dat, wat mir eis erwaart hunn. Mir si gestäerkt, an et kann nëmmen nach besser ginn, dofir denken ech, mir halen eis elo emol nach alleguer fest d'Daumen, an ech freeë mech op de Rescht vum Owend."

D’Spëtzekandidatin vun der LSAP bedauert zwar, datt si zwee Setz ganz knapp verluer hätten. Mee si an hir Partei wiere weiderhi prett fir och an enger nächster Regierung Verantwortung ze iwwerhuelen, esou d’Paulette Lenert.

D'Paulette Lenertplay_arrow

Den Dram, Premierministesch ze ginn huet d’Paulette Lenert nach net ganz opginn. Si gesäit d’LSAP an dëse Chamberwalen gestäerkt. Angscht, datt d’CSV elo mat der DP eng Koalitioun bilde wéilt hätt si net onbedéngt. Trotzdeem géif et elo drëms goen, een Accord ze fannen, esou d’Paulette Lenert.

"Effektiv ass et immens spannend ginn mat Rechtsëtz déi mir net kritt hunn. Do gesäit een wéi eise System kann op eemol eng Wende kréien an der leschter Linn. Mee mir sinn op alle Fall nach staark genuch fir a Gespréicher ze goen. Eng zweeer Koalitioun ass méiglech. Mir erwaarden natierlech elo datt do eng Suite kënnt an datt mir eis Iddien kënnen abréngen.”