search

/ Patrick Dury: "Bei dëser Regierung ass et besser alles schrëftlech festzehalen"

Gewerkschaften

|
headphones

2 min

headphones

7 min

play_arrow

Patrick Dury: "Bei dëser Regierung ass et besser alles schrëftlech festzehalen"

Mat der aktueller Regierung hätt ee geléiert, datt et besser ass alles schrëftlech festzehalen. Esou erkläert de President vum LCGB de Patrick Dury am 100,7-Interview deen neien, drëtte Bréif vun der Union Syndicale un de Premier Luc Frieden.

headphones

2 min

headphones

7 min

play_arrow
Den LCGB-President Patrick Dury | © Radio 100,7
Den LCGB-President Patrick Dury (Foto: Radio 100,7)

An deem beschwéiere sech d’Gewerkschaften OGBL an LCGB, datt déi lescht zwee Joer am Kontext Aarbecht a Beschäftegung "largement verluer" sinn. Am Bréif ginn dräi Prioritéite genannt: Weider méi Méiglechkeete fir de Maintien dans l’emploi, eng Upassung vun der Gesetzgebung iwwer de Reklassement an d’Kënschtlech Intelligenz an de Betriber. 

Bestoend Theeme goufe mam Marc Spautz beschwat

Mam neien Aarbechtsminister Marc Spautz hat d’Gewerkschaftsunioun schonn dräi Entrevuen. Do wier et awer virop ëm al Revendicatioune wéi zum Beispill d’Aarbechtszäitorganisatioun an d’Plattformaarbecht gaangen, ënnersträicht de Patrick Dury am 100,7-Interview. 

"Mir hunn eng Prioritéitelëscht an d'Union des Syndicats gemaach an et läit eis um Häerz, datt dëst Joer net nëmmen iwwer déi Saache geschwat gëtt, mee datt mir d'Resultater u sech kréie fir d'Leit, déi am Privatsecteur an dësem Land schaffen, well dat do sinn Dossieren, déi net vu gëschter a vun haut sinn, dat sinn Dossieren zum Deel, déi eis scho méi laang ënner den Neel brennen."

D‘Gewerkschaftsunioun huet dem Premier an de leschte Méint schonn zwee Bréiwer geschriwwen. Dorënner war jo och deen, an deem si sech iwwer de fréieren CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo beschwéiert hunn. 

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Patrick Dury

play_arrow Lauschteren