Radioen

On air

Tockcity  |  Tom Misch - Falling For You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Parteikongress vun den Demokraten zu Chicago zesummen

US-Walen 2024

Parteikongress vun den Demokraten zu Chicago zesummen

An den USA ass et ee Mount nom Parteikongress vun der Republikaner elo un den Demokrate fir hir Kandidate fir d'Wäisst Haus ze feieren. Villes ass an deem Mount geschitt an zu Chicago wëllt d'Vizepresidentin Kamala Harris sech de Wieler virstellen. Zanterdeem si als Kandidatin de President Joe Biden ersat huet, gesäit et an de Sondagë vill besser fir d’Demokraten aus.

auto_stories

2 min

Kamala Harris | © picture alliance / NurPhoto | Bryan Olin Dozier
Foto: picture alliance / NurPhoto | Bryan Olin Dozier

Philip Crowther, zu Chicago

Do wou soss d’Chicago Bulls am Basketball an d’Blackhawks am Äishockey spille gëtt et dës Woch eng eesäiteg Affär. Virun engem Mount hat een nach geduecht, datt et zu Chicago zu engem Duell tëschent méiglechen demokratesche Kandidate kéint kommen. Mee d’Partei ass sech elo an der Haaptsaach eens: de President Joe Biden huet déi richteg Entscheedung getraff, andeems hien d'Course fir d'Wäisst Haus verlooss huet a senger Vize-Presidentin Kamala Harris seng voll Ënnerstetzung ginn huet.

Liichten Avantage fir d'Kamala Harris

Et ass alles séier gaangen. Genuch Delegéiert hunn hir Stëmme ginn a si gouf scho virum Ufank vun dësem Parteikongress offiziell als Kandidatin nominéiert. D'Sondagë gesi besser aus. Eng Victoire vum Ex-President Donald Trump schéngt elo guer net méi esou warscheinlech wéi nach nom desastréisen Debat, fir den Joe Biden, Enn Juni. D'Kamala Harris huet e liichten Avantage an e puer vun de sougenannte Swing States, wou dës Presidentschaftswal entscheet gëtt.

Nei Energie ass op eemol an der Demokratescher Partei opkomm, ëm d’Kandidatin, mee och ëm hire Choix fir d'Vize-Presidence, den Tim Walz, Gouverneur vum Staat Minnesota.

Haut steet den Joe Biden am Mëttelpunkt

Mee déi ganz grouss national Bün feelt nach, an do kënnt dëse Kongress zu Chicago genee richteg. Um Donneschdeg eréischt wäert d'Kamala Harris hir Ried halen, mee vun haut Méindeg u scho wäerte politesch Schwéiergewiichter wéi Bill an Hillary Clinton, a Barack Obama, d'Kamala Harris als Zukunft vun der Demokratescher Partei feieren.

Wee feelt do nach? Den Joe Biden. De President a seng Entscheedung d'Course ze verloosse stinn haut am Mëttelpunkt. Seng Ried haut den Owend ass och säi ganz offiziellen Depart aus der Course fir de Wee fräizemaache fir d'Kamala Harris.

Lauschterenplay_arrow