Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi Gréng hunn eng Plainte géint Onbekannt gemaach

Walplakat vun déi gréng

Déi Gréng hunn eng Plainte géint Onbekannt gemaach

Gëschter hunn déi gréng eng Plainte géint Onbekannt bei der Police deposéiert, well zu Groussbus op eent vun hire Walplakater geschoss gi war. En erschreckenden neie Moment an de Fäll vu Vandalismus viru Gemengen- oder Chamberwalen, war et d‘Reaktioun vun der grénger Co-Parteipresidentin Djuna Bernard op eiser Antenne. Et ass net den éischte Fall vu méi extreemem Vandalismus deen dëst Joer viru Wale fir Opreegung gesuergt hat. 

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Sam Tanson | © déi gréng Norden play_arrow
Sam Tanson (Foto: déi gréng Norden)

Lauschterenplay_arrow

Rieds ass vun der Walcampagne fir d‘Gemengewalen zu Iechternach: Do war op engem Plakat vun der lokaler Sektioun vun déi gréng eng doudeg Kaz fonnt ginn, op de Gesiichter vun hiren zwee Spëtzekandidaten. D‘Plainte vun deemools hätt awer keng Suite kritt, huet eis op Nofro de Porte Parole vun der Justiz, Henri Eippers, confirméiert. Et hätt net kloer kënnen nogewise ginn, datt d‘Kaz mam Hannergedanke vu Vandalismus um Panneau ofgeluecht gi wier.

​Huet Vandalismus zougeholl?

Nieft esou méi seelene Fäll, ginn awer reegelméisseg och Walplakater beschmiert, beschiedegt oder komplett zerstéiert.

Hunn déi Fäll generell zougeholl? Dozou d‘CSV-Generalsekretärin Stéphanie Weydert.

"Dat hänkt och heiansdo vun de Regiounen of, op eppes ass. Dat huet een och bei de Gemengewale gemierkt, wou et mengen ech cibléiert géint verschidde Parteie gaangen ass, hunn ech d‘Impressioun. Awer ech hunn elo net den Androck, datt et elo manner oder méi schlëmm ginn ass."

Dat confirméieren och aner Parteien wéi d‘ADR, déi gréng oder d‘Piratepartei. Mat Schmierereien oder änlechem wier all Partei virun all Wale konfrontéiert, mengt déi gréng Co-Parteipresidentin Djuna Bernard.

"Ech mengen, datt een do e bësse muss domat kënnen ëmgoen als politesch Parteien. Natierlech ass dat net gutt."

Vandalismus, also d‘Beschiedegung vu friemem Eegentum, wier strofbar. A wéi enger Form een dat méi streng kéint reguléieren, kéint si zu dësem Zäitpunkt net soen.

Brauch et méi ee kloert Reegelwierk?​

De Sven Clement vun de Pirate fuerdert awer méi ee kloert Reegelwierk fir den Ëmgank mat de Walplakater. Dat hätt seng Partei och schonn am Virfeld vun der Walcampagne gefrot.

"Dat huet awer net vill Géigeléift vun den anere Parteie kritt, dofir ass dat net am Walofkommes festgehale ginn. Et ass och esou, datt et fir eng ganz Rëtsch Verfeelungen an Abuse guer keng Dispositiounen am Walgesetz gëtt."

Konkret mengt de Sven Clement domat och d‘Beamte vu Ponts & Chaussées, déi Plakater deels ganz selektiv géifen ofhänken. Domat kéinten si d‘Wale beaflossen, sou den Deputéierte vun de Piraten.

D'Presidente vun ADR an LSAP hunn sech iwwerrascht iwwert dës Fuerderunge gewisen. Senges Wëssens no géifen d‘Beamten sech un déi bestoend Reegelungen halen, sou de Fred Keup.

Den Dan Biancalana huet sengersäits betount, datt wärend de Reunioune fir d‘Walofkommes vu Säite vun de Piraten keng esou eng Revendiquatioun formuléiert gi wier. Den LSAP-Politiker huet sech awer oppe gewisen, fir am Dialog mat Ponts & Chaussées eventuell nei Dispositiounen auszeschaffen.