Radioen

On air

Ligne 2  |  Spezial “Female Emcee”

play_arrow Live
search

/ Parquet confirméiert Enquête am CHEM 

Escher Spidol 

Parquet confirméiert Enquête am CHEM 

De Parquet huet eng Enquête opgemaach am Escher Spidol. Dat well d‘Direktioun vum CHEM ugangs Dezember eng Denonciatioun gemaach hat. D‘Reprochen ëm déi et geet gi vun Homicide involontaire bis bei Homicide volontaire.

auto_stories

1 min

© Centre Hospitalier Emile Mayrisch
(Foto: Centre Hospitalier Emile Mayrisch)

Wéi RTL d‘lescht Woch gemellt hat, wier eng Doktesch aus dem CHEM suspendéiert ginn, déi op der Palliativstatioun geschafft huet. Dat gouf awer bis elo net confirméiert.

De Parquet erënnert awer un d‘Présomption d‘innocence.