search

/ Parlamentswalen am Kosovo an Armenien - Presidentschaftswalen am Peru

Walen uechter d'Welt

|
reading time

1 min

Parlamentswalen am Kosovo an Armenien - Presidentschaftswalen am Peru

Am Kosovo an an Armenie goufen et kloer Gewënner bei de Parlamentswalen. Bei der Presidentschaftswal am Peru deit sech eng enk Course un. Déi rietskonservativ Kandidatin huet am südamerikanesche Land awer d'Nues knapp vir.

reading time

1 min

Walen | © picture alliance / NurPhoto | Nuno Cruz
Walen (Foto: picture alliance / NurPhoto | Nuno Cruz)

Bei der Parlamentswal an Armenien huet de Premier Nikol Paschinjan sech zum Gewënner deklaréiert. Der Walkommissioun no géif seng prowestlech Partei mat ronn 55 Prozent vun de Stëmme virleien. De Paschinjan huet vun enger historescher Victoire geschwat. Op zweeter Plaz läit déi prorussesch Partei mat ronn 22 Prozent.

D‘Wal gëllt als Richtungsdecisioun fir Armenien. Den Nikol Paschinjan setzt op e weidere Rapprochement mam Westen an ee Friddensaccord mam Aserbaidschan. 

Am Kosovo verléiert d'Regierungspartei hir absolut Majoritéit

Bei der virgezunner Parlamentswal a Kosovo gouf déi sozialdemokratesch Partei vum Premier Albin Kurti nees stäerkste Kraaft. Si kënnt op knapp 44 Prozent, nodeems ronn d‘Hallschent vun de Stëmmen ausgezielt sinn.

Domat verfeelt d‘Partei vum Premier awer viraussiichtlech déi absolut Majoritéit an dierft op Koalitiounspartner ugewise sinn. Observateuren erwaarde schwiereg Koalitiounsverhandlungen. Zweetstäerkst Kraaft gouf déi liberal demokratesch Partei mat ronn 21 Prozent virun der biergerlecher demokratescher Liga.

Stéchwal ëm de Presidenteposten a Peru

Bei der Presidente-Stéchwal a Peru zeechent sech eng enk Course of tëschent der rietskonservativer Kandidatin Keiko Fujimori an dem lénke Politiker Roberto Sánchez of. Virleefege Resultater no läit d‘Keiko Fujimori mat ronn 53 Prozent vun de Stëmme vir, de Roberto Sánchez kéim op 47 Prozent, esou d‘Walkommissioun.