An deem Schreiwes hat et ënner anerem geheescht, d’Dëschtennisfederatioun géif keng Kritik, keng eege Meenung a keng Verbesserungsvirschléi vun hiren Athleten zouloossen. Donieft freet de Marc Baum de Minister, ob deen et acceptabel fënnt, datt eng Elittesportlerin ëffentlech zu recht gewise gëtt, well si hir Meenung seet.
Ob de Minister a Kenntnis dovun ass, datt an der Vergaangenheet Meenungsverschiddenheeten tëscht Sportler:innen an der FLTT zum Enn vu Sportlerkarriäre gefouert hunn a wou eng am Koalitiounsaccord virgesinnen onofhängeg Mediatiounsinstanz drun ass, déi Sportler kontaktéiere kéinten, déi Meenungsverschiddenheete mat hirer Federatioun oder hirem Club hunn, freet de Marc Baum och.
D’Sarah de Nutte hat viru ronn annerhallwer Woch vum Comité-directeur vun der Dëschtennis-Federatioun e Blâme ausgesprach kritt wéinst hiren Aussoe bei den Olympesche Spiller zu Paräis. Enn Juli hat si an der franséischer Haaptstad kritiséiert, datt hiren Trainer si do net coachen duerft. D’Dëschtennisfederatioun hat Ufank September erkläert, déi Aussoen hätten der FLTT geschuet.