Radioen

On air

Notturno  |  BrhyM, Bruce Hornsby & yMusic - Deep Blue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parlament wäert PiS Regierung kee Vertraue ginn

Warscheinleche Regierungswiessel a Polen

Parlament wäert PiS Regierung kee Vertraue ginn

A Polen gëtt e Muechtwiessel erwaart. Zwou Wochen no der Vereedegung vun der nationalkonservativer PiS Regierung decidéiert d‘Parlament zu Warschau haut driwwer, op déi Regierung am Amt bleift oder net. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Andrzej Iwanczuk
Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrzej Iwanczuk

Erwaart gëtt, datt de Premier Mateusz Morawiecki de Vertrauensvott wäert verléieren. Seng Partei PiS hat bei de Parlamentswale virun zwee Méint kéng Majoritéit méi kritt. D‘Oppositioun steet elo prett fir d‘Muecht ze iwwerhuelen. Erwaart gëtt eng nei Regierungskoalitioun ënnert dem fréiere Premier a fréieren EU Conseilspresident Donald Tusk.