Palestina: D‘Hamas léist hir De-Facto-Regierung an der Gazasträif op
No bal 20 Joer un der Muecht, léist d'Hamas hir De-Facto-Regierung an der Gazasträif op. Dat huet déi islamistesch Terrororganisatioun haut ugekënnegt. Een neie palästinenseschen Technokrate-Comité, dee vum Trump sengem Friddensrot geschaf gouf, soll d‘Aufgaben iwwerhuelen.
Ismail al-Thawabta, Kommunikatiounbeoptragen vun der Hamas (Foto: EPA/HAITHAM IMAD)
D‘Hamas ass weider dogéint hir Waffe bedéngungslos ofzeginn. Dat ass fir den Ament déi Haaptkonditioun, fir datt eng nei Verwaltung kann agesat ginn. Ob déi nei Regierung hir Aarbecht iwwerhaapt ufänke kann, ass deemno onkloer.
Och wéi eng Roll d‘Terrororganisatioun am Hannergrond spille wäert ass nach net ofzegesinn.