search

/ Pakistanesche Militärfliger am Oste vun Afghanistan ofgestierzt

International

|
headphones

1 min

Pakistanesche Militärfliger am Oste vun Afghanistan ofgestierzt

Pakistan huet op en neits säi Recht sech ze verteidege betount. Dat nodeems Pakistan d‘Ënnerstëtzung vun den USA a hirem oppene Krich géint d‘Taliban an Afghanistan krut.

headphones

1 min

© EPA/REHAN KHAN
(Foto: EPA/REHAN KHAN)

D‘Atommuecht Pakistan hat verschidden afghanesch Stied ugegraff, dorënner och Kabul. Do virdrun hat Afghanistan eng Offensiv un der Grenz zu Pakistan lancéiert.

E pakistanesche Militärfliger war haut um Samschdegmoien am Oste vun Afghanistan ofgestierzt. Den nach liewege Pilot gouf vun der afghanescher Arméi festgeholl. 

Déi zwee Länner, déi laang Zäit eng enk Bezéiung haten, sinn zënter der Zréck-Eruewerung vu Kabul duerch d‘Taliban am Joer 2021 nees feindlech gesënnt.