An Zukunft kéinten d'Geschäfter deemno sonndes bis 7 Auer an an der Woch bis 10 Auer owes ophunn. De Regierungsrot huet um Mëttwochmoien de Gesetzesprojet iwwer déi nei Ouvertureszäiten ugeholl.
Nach ass et just ee Gesetzesprojet. Wann en awer bis duerch wier, kënnen d'Commercen hir Auerzäiten upassen an d'Salariéen, dorënner vill Fraen an Elengerzéiender, misste sech upassen.
Lëtzebuerg gëtt manner attraktiv fir Frontalieren
D'Gewerkschaften LCGB an OGBL hu gefuerdert, datt d'Sonndesaarbechtszäit an d'Ëffnungszäiten iwwer de Kollektivvertrag verhandelt ginn. Fir d'Patrone wier dat neit Gesetz eng Méiglechkeet sech iwwer de Kollektivvertrag ewechzesetzen, betount de Patrick Dury.
Hie mécht iwwerdeems op eng Rei Problemer opmierksam, wat Frontalieren ugeet. Notamment d'Grenzkontrollen an d'Duebelbesteierungsofkommes, déi Lëtzebuerg ëmmer manner attraktiv fir d'Frontaliere maachen. Déi nei Horairë géifen dee Problem nach verstäerken.
Béid Gewerkschafte géifen op dësem Dossier enk zesummeschaffen. An enger éischter Phas géif een d'Leit am Secteur informéieren. Weider Aktiounen, déi geplangt sinn, nennt de Patrick Dury net.
D'Gewunnechte vum Konsument hu sech geännert
D‘Luxembourg Confederation, den Daachverband vum Lëtzebuerger Commerce, begréisst iwwerdeems déi nei Ouverturesreegelen. Si géifen zu enger Moderniséierung vun der lokaler Geschäftswelt bäidroen a wieren essentiel, fir datt d‘Geschäfter mat de groussen internationale Chaînë kéinte mathalen.
Den Online-Handel hätt d‘Konsumentegewunnechte geännert an och déi nei Ouvertureszäite kéinte kee 24-Stonne-Service 7 Deeg d‘Woch offréieren. 70 Prozent vun de Lëtzebuerger hätten awer erkläert, online, respektiv owes oder de Weekend anzekafen.
Néideg wier awer eng komplett Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten. An deem Kontext wier d‘Trenne vun den Ouvertureszäiten an de Kollektivverträg eng Prioritéit fir de Commerce.
Déi aktuell Reform gesäit d‘Luxembourg Confederation dann och nëmmen als eng Tëschenetapp.