arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Streik a Spuenien: Méiglech Perturbatiounen bei Flich - Annulatiounen onwarscheinlech

Fluchverkéier

|
reading time

2 min

Streik a Spuenien: Méiglech Perturbatiounen bei Flich - Annulatiounen onwarscheinlech

E Streik op de spuenesche Flughäfe kéint an den nächsten Deeg zu Verspéidunge bei der Flich vun an op Lëtzebuerg féieren, wéi de Luxair-CEO Gilles Feith erkläert. Zu Annulatioune soll et awer net kommen.

reading time

2 min

© Simon Hoffmann
(Foto: Simon Hoffmann)

An de leschten Deeg wier et scho vereenzelt zu Verspéidungen zu Barcelona komm. Och muer an e Méindeg soll dëse Risiko bei Volle bestoe bleiwen. Haaptsächlech wieren d’Flughäfen zu Palma, Malaga, Las Palmas, Barcelona an eventuell deen zu Valencia betraff. Dat Ganzt kéint sech dann och nach bis iwwer den nächste Méindeg erauszéien, esou de Gilles Feith.

"Dat zitt sech och nach bis dee Weekend drop, dat heescht bis den 10. an eventuell souguer an déi Woch duerno, well den Ament leider zwëschent deene Partië keng Verhandlunge sinn. Mir ginn awer dovun aus, datt mer kënne fléien, mee datt et awer zu Perturbatioune kënnt. Esou wéi dat och bis elo da schonn de Fall war.”

Als Passagéier kann ee Verschiddenes beuechten

Wann een a Spuenie fortflitt, sollt ee kucke fir dräi Stonne virum sengem Depart um Flughafen ze sinn. Iwwerdeems wieren och um Internetsite vun der Luxair Informatiounen ze fannen. Fir trotzdeem ëmmer um neiste Stand vun den Entwécklungen ze bleiwe réit de Gilles Feith de Passagéier virun allem der Luxair seng Kontaktdaten ze hannerloossen.

"Wann elo eppes méi schlëmm gëtt, da wäerte mir och d'Passagéier eenzel kontaktéieren iwwer déi Coordonnéeën, déi si eis hannerlooss hunn. Dofir ëmmer nach en Appell, an dat ass extreem wichteg, datt mir d'E-Mail-Adress an d'GSM-Nummeren hunn, da kënne mir SMSen a E-Maile schécken an dat dann och reegelméisseg kucken."

Dëst géif den Ament awer vu Vol zu Vol ofhänken an et géif proaktiv reagéiert ginn, wann et néideg wier. De Luxair-CEO geet dovunner aus, datt et fir den Ament keng Annulatioune solle ginn.