Radioen

On air

Palatino FM  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ouni Präisdéckel kéint de Stroumpräis fir Privatclienten ëm 60 Prozent klammen

Enovos Lëtzebuerg

Ouni Präisdéckel kéint de Stroumpräis fir Privatclienten ëm 60 Prozent klammen

Ouni Bäihëllefe wäerten d’Energiepräisser 2025 zum Deel staark klammen: dat huet de Generaldirekter vun Enovos Lëtzebuerg Erik von Scholz confirméiert. D’Previsioun vum STATEC, datt de Stroumpräis ouni Präisdeckel ëm 60 Prozent fir Privatclienten a kleng Entreprisë kéint klammen, kéint hie gutt novollzéien.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Am Grousshandel wieren d’Energiepräisser zwar staark gefall, awer nach ëmmer bal duebel sou héich, wéi virun der Energiepräiskris, betount den Erik von Scholz.

D’Fro, ob et och fir dat nächst Joer nach staatlech Bäihëllefe fir d’Energiekonsumente wäerte ginn, wier eng politesch.

"Ich denke, dass bisher vieles gemacht worden ist, und in Luxemburg auch besser als in anderen Ländern, um mit der Krise umzugehen. Und insofern habe ich Vertrauen auch darauf, dass entsprechende Maßnahmen getroffen werden, die vernünftig sind."

"Präisser solle sou gënschteg wéi méiglech bleiwen"

Mécht et fir den Energieliwwerant Enovos Lëtzebuerg een Ënnerscheed, ob d’Präisser fir Stroum a Gas iwwert d’Enn vun dësem Joer eraus gedeckelt bleiwen oder net?

"Natürlich ist es für uns wichtig, dass die Kunden zu möglichst günstigen Kosten Energie beziehen und insofern ist das sehr wichtig für uns."

Beim Thema staatlech Energiepräisdeckele stellt de Generaldirekter vun Enovos Lëtzebuerg Erik von Scholz awer och fest, datt finanziell gekuckt, déi staatlech Bäihëllefe fir Enovos Lëtzebuerg komplett neutral wieren.

D’Entwécklung bei den Energiepräisser hätt och hei am Land net dozou gefouert, datt méi Leit hir Stroum- a Gasrechnungen net méi hätte kënne bezuelen: och dat léich villäicht dorun, datt déi staatlech Bäihëllefe mat Aemooss gefloss wieren, mengt den Erik von Scholz. Trotz dëse Bäihëllefe wier awer Energie gespuert ginn.

Lauschterenplay_arrow