Wéi kann ee Mësstrauensvott géint d’Koalitioun agereecht ginn? Do soll et zu Upassunge kommen. De Laurent Knauf vum Inneministère huet an der Chamber erkläert, déi kéint zu all Moment deposéiert ginn.
"Si ass net méi un de Budget gekoppelt. Et gi Conditions de recevabilité determinéiert. Si muss schrëftlech sinn, motivéiert an ënnerschriwwe vun der Majoritéit vun de Membere vum Gemengerot."
Dat géif sech änneren, dat wier bis elo nämlech een Drëttel vun de Membere vum Gemengerot gewiescht.
"An d'Motion de censure muss an Zukunft Kandidaten en remplacement vun deene Membere vum Schäfferrot proposéieren, déi als demissionnaire sollen deklaréiert ginn."
Et soll just nach ee Mësstrauensvott bannent engem Joer méiglech sinn an e kann net an deenen éischten zwielef Méint vun der Mandatsperiod gemaach ginn. An enger Mandatsperiod kënnen dann och net méi wéi zwou Motions de censure géint de Schäfferot agereecht ginn.
Enregistrementer bleiwe fakultativ
Fir méigleche Feeler bei dëse Prozeduren aus dem Wee ze goen, gouf gëschter diskutéiert, eventuell 15 Deeg tëschent dem Vott vum der Motion de censure an dem Vott vum neie Schäfferot virzegesinn. Dat muss an der nächster Sëtzung, de 24. Juni, awer nach diskutéiert ginn.*
Gekläert gëtt och den Enregistrement vun de Seancë vum Gemengerot.
Dës gi momentan a verschiddene Gemenge scho gemaach mee ouni gesetzlech Basis. D’Enregistrementer solle weider fakultativ bleiwen. Wann eng Gemeng sech dozou entscheet de Video online ze setzen, dierf net am Material geschnidde ginn.
De Premier Conseiller Laurent Knauf erkläert, wat mat Deeler, déi am Huis clos sinn, misst geschéien.
“Dann ass natierlech kloer, datt déi Objeten, déi ënner de Huis clos falen, exclu sinn. Also déi kënnen natierlech net iwwerdroe ginn oder net spéider iwwerdroe ginn.”
Den CSV-Deputéierte Marc Lies huet d’Fro opgeworf, ob d’Gesetz net och soll Sanktioune virgesinn, wa sech net un de Huis clos gehale gëtt? Déi Diskussioun soll an enger nächster Sitzung weidergeféiert ginn.
D’CSV-Deputéiert Stephanie Weydert gëtt Rapportrice vun der Reform vum Gemengegesetz.
*An enger viregter Versioun hate mir gesot, datt gëschter decidéiert gouf, sech déi 15 Deeg tëschent de Votten ze ginn. Richteg ass, datt dat diskutéiert gouf, mee nach keng Decisioun geholl ginn ass.