search

/ Ofdreiwung an d'Verfassung: An der Chamber wäert sech wuel eng Majoritéit fannen

Gesellschaft

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Ofdreiwung an d'Verfassung: An der Chamber wäert sech wuel eng Majoritéit fannen

Bei der Fro, ob de Sujet Ofdreiwung soll an der Verfassung verankert ginn, gesäit et dono aus, wéi wa sech déi néideg Majoritéit an der Chamber fanne wäert. Den CSV-President Luc Frieden an d'DP-Presidentin Carole Hartmann hu jo schonn ugekënnegt, fir eng "Fräiheet fir ofzedreiwen" ze plädéieren.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Chamberdebatt | © Flickr Chambre des Députés
Chamberdebatt (Foto: Flickr Chambre des Députés)

Och wann d’Linne vun den zwou Regierungsparteie prinzipiell kloer sinn, wäerten net all d'Deputéiert vun der Majoritéit fir eng Verankerung vun der Ofdreiwung an der Verfassung stëmmen.

Bei der DP wéi och bei der CSV wäert et béi dëser Fro warscheinlech kee Fraktiounszwang ginn an all Deputéierte wäert, wann et bis zum Vott kënnt, no sengem eegene Gewëssen ofstëmmen dierfen. Dat hunn déi jeeweileg Fraktiounspresidente Marc Spautz a Gilles Baum dem 100,7 géintiwwer confirméiert.

Déi meescht DP-Deputéiert sinn dofir

Den DP-Deputéierte Gérard Schockmel huet dës Woch hei op der Antenn annoncéiert, datt hien net matstëmme wäert, egal wéi den Text um Enn formuléiert ass. Op eis Nofro hi schwätzen déi meescht vun de 14 DP-Deputéiert sech awer kloer fir en Aschreiwe vum Avortement an der Verfassung aus. Ënner anerem de Gilles Baum, de Luc Emering, de Fernand Etgen, de Gusty Graas an d'Mandy Minella hu sech fir déi vun der Carole Hartmann proposéierter Versioun vum Text ausgeschwat, déi eng Fräiheet fir ofzedreiwe virgesäit a kee Recht op Ofdreiwung méi. Dëst wier ee "gudde Kompromëss", fir dann déi néideg Stëmmen zesummenzekréien. Den André Bauler war fir eng Positioun net ze erreechen an de Guy Arendt wollt sech net zu dem Sujet äusseren. D’Barbara Agostino an d’Corinne Cahen soen iwwerdeems, si wieren iwwerhaapt net mam Gérard Schockmel sengen Aussoen averstanen. D'Barbara Agostino seet souguer, si géif aus der Partei austrieden, sollt sech d'DP géint e Verankere vum Avortement an der Verfassung ausschwätzen.

Méi vag gesäit et den Ament nach bei der CSV aus

Hei wëlle sech déi meescht vun den 21 Deputéiert eréischt nom CSV-Nationalcomité e Méindeg dozou äusseren, esou de Marc Spautz. Et wéilt ee sech nach net positionéieren, soulaang een nach net kloer weess, iwwer wéi een Text genee ofgestëmmt wäert ginn, heescht et ënner anerem vum Jeff Boonen, vun der Octavie Modert, vum Laurent Mosar a vum Felix Eischen. De Jean-Paul Schaaf huet weider nach betount, datt et a sengen Ae keng Urgence bei dësem Sujet géif ginn. Zu deenen, déi elo scho fir d'Verankere vum Avortement an der Verfassung sinn, zielen d'Stéphanie Weydert, d'Diane Adehm, de Laurent Zeimet an d'Nathalie Morgenthaler.

Fir datt d'Ofdreiwung an d'Constitutioun kann ageschriwwe ginn, muss eng Zwee-Drëttel-Majoritéit an der Chamber zesummekommen, dat heescht 40 vu 60 Deputéiert. Eng Partie Majoritéits- an Oppositiounsvertrieder:inne mengen, datt genuch Stëmme vu Majoritéits- an Oppositiounsfraktiounen zesummekommen, fir déi zwee Drëttel-Majoritéit ze erreechen.

play_arrow Lauschteren