D’EU wëllt der Ukrain eng Hëllef an Héicht vu 50 Milliarden Euro fir de Nees-Opbau accordéieren. Dovunner sinn 33 Milliarden ënnert der Form vu Prêten a 17 Milliarden ënnert der Form vun engem Don virgesinn, Ouni den Accord vun Ungarn kann dat awer net geschéien.
D’EU hat ee Mëttwoch annoncéiert datt d’Ukrain 10 Milliarden Euro, déi den Ament nach blockéiert sinn, géif iwwerwise kréien. Allerdéngs bleiwen nach 21 Milliarden agefruer.
Virdru war zu Bréissel nach en historeschen Accord gefeiert ginn: D’EU gouf gréng Luucht fir Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain a Moldawien unzefänken. Beim Vott iwwert d’Ukrain war de Viktor Orban net present, dat war esou mat him ofgeschwat ginn.
Decidéiert gouf och nach, fir Georgien de Status vun engem EU Bäitrëttskandidat ze ginn, a mat Bosnien-Herzegowina Bäitrëttsverhandlungen unzefänken, wann d’Konditiounen dofir bis erfëllt sinn. Parallel goufen nei Sanktioune géint Russland decidéiert, ënner anerem gëtt et en Importstopp vun Diamanten.