Radioen

On air

Concert  |  Eng Konfrontatioun tëscht Harf an Orchester

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Orban-Show geet an d’Box - awer nëmmen hallef

RECKBLECK OP DEN ORBAN-BESUCH AM EUROPAPARLAMENT

Orban-Show geet an d’Box - awer nëmmen hallef

An engem hëtzegen Debat am Europaparlament huet d'Kommissiounscheffin ongewéinlech däitlech Kritik um ungaresche Premier senger Politik geüübt. De Viktor Orban huet do schlecht ofgeschnidden - kann allerdéngs aner Victoirë feieren. D’Danièle Weber kuckt zeréck op d’”Orban-Show” zu Stroosbuerg.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

© European Union play_arrow
Foto: EU

Et war domat ze rechnen, datt vill Europadeputéiert sech net mat Kritik zeréckgehale géifen, am Europaparlament setze jo fervent Kritiker vum Viktor Orban sengem Regimm.

Am bedeitendste war awer d’Ried vun der Kommissiounspresidentin - dat war “du jamais vu” an der EU. Et war eng direkt Kritik mat konkrete Beispiller, wéi deem, dee mer Uganks héieren hunn - woubäi d’Ursula von der Leyen net nëmmen dem Viktor Orban seng onkritesch Haltung par rapport zu Russland op de Leescht geholl huet, mee och déi national ungaresch Politik, ënnert där déi ganz EU ze leiden hätt: Eng Frontalattack wéi ee se bis elo eigentlech net aus dem Mond vun engem europäesche Leader héieren huet.

Nicolas Schmit lueft Ursula von der Leyen

Dat huet och den Nach-EU-Kommissär Nicolas Schmit gemierkt. Hien huet seng Cheffin op “X” gelueft an an engems huet hien der Lëtzebuerger Regierung niewebäi eng ausgewëscht, andeems hie sot, d’Ursula von der Leyen hät hei Kloertext geschwat, am Géigesaz zu verschiddenen “Européeens de la petite semaine”, déi den Orban genee ewéi d’Extrême droite gäre géife frequentéieren.

Eng Uspillung vläicht op d’Visitt viru Kuerzem vum Premier Luc Frieden beim ungaresche Premier.

Orban schneit schlecht of

De Viktor Orban hat sécher mat Kritik gerechent, mee net an där Form vun der Kommissiounspresidentin. Et war him ofzegesinn, datt hie rosen an och e bëssen aus dem Konzept war.

Gutt Argumenter hat hien awer net entgéintzesetzen. Hien huet vu Liggen a Propaganda geschwat a sech beklot, hie géif hei onfair behandelt ginn, ouni allerdéngs d’Virwërf stéchhalteg ze widderleeën.

Orban-Iddië sinn an der Diskussioun

Trotzdeem kann een net direkt soen, d’Orban-Show wier an d’Box gaangen.

Et gouf Europadeputéiert, déi sech ewéi de Lëtzebuerger ADR-Politiker Fernand Kartheiser  hannert de Viktor Orban an deem seng Politik gestallt hunn.

Et muss een elo och kucken, a wéi wäit d’Europäesch Kommissioun an der Persoun von der Leyen prett ass, géint Ungarn virzegoen - wann d’Land géint EU-Wäerter verstéisst.

A schliisslech dierf een och eent net vergiessen - dorop huet de Viktor Orban a senger Pressekonferenz en Dënschdeg net ouni Stolz opmierksam gemaach.

Eng Partie vu senge politeschen Iddien, virop an der Migratioun, si mëttlerweil vun anere grousse Parteien iwwerholl ginn. Notamment déi d’Asylpolitik no baussen, eraus aus der EU ze verleeën. Eppes, wat hien a senger Interventioun am Europaparlament gefuerdert huet.

Eng Iddi, iwwert déi iwwregens en Donneschdeg d’Inneministeren aus der EU op hirer Reunioun zu Lëtzebuerg diskutéieren. Et ass och eng Iddi, déi vun der Lëtzebuerger Regierung net méi komplett refuséiert gëtt.

Erklärunge vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber

Lauschterenplay_arrow