Radioen

On air

Tockcity  |  Ben Clean - Alles Was Ich Will

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Optakt vun de Koalitiounsverhandlungen

Chamberwalen 2023

Optakt vun de Koalitiounsverhandlungen

D’Delegatioune vun CSV an DP treffe sech haut eng éischte Kéier am Sennenger Schlass. D’Agenda vun de Verhandlungen an d’Aarbechtsmethod ginn definéiert. De Formateur Luc Frieden seet, hie wéilt méiglechst séier virukommen.

auto_stories

5 min

headphones

2 min

Sennenger Schlass | © Serge Kesseler play_arrow
Sennenger Schlass (Foto: Serge Kesseler)

Wie verhandelt?

D’CSV-Delegatioun gëtt ugefouert vum CSV-Co-President Claude Wiseler. Bedeelegt sinn och d’Elisabeth Margue (CSV-Co-Presidentin), d’Stéphanie Weydert (CSV-Generalsekretärin), de Christophe Hansen (Co-Generalsekretär), d’Martine Hansen (Fraktiounscheffin), de Gilles Roth (Fraktiounschef), Léon Gloden (Député-Maire), Georges Mischo (Député-Maire), Serge Wilmes (Schäffen an Deputéierten), Max Hengel (Député-Maire) an den Alex Donnersbach (CSJ-President).

Den amtéierende Premier Xavier Bettel féiert d’DP-Delegatioun un. Zur Delegatioun gehéieren nach de Lex Delles (DP-President, Minister fir de Mëttelstand), d’Carole Hartmann (DP-Generalsekretärin, Députée-Maire), d’Yuriko Backes (Finanzministerin), de Max Hahn (Familljeminister), de Claude Meisch (Educatiounsminister), d’Corinne Cahen (fréier Ministerin), de Fernand Etgen (Chamberpresident), d’Lydie Polfer (Députée-Maire), de Luc Emering (Schäffen, nei an d’Chamber gewielt), an d’Myriam Feyder (DP-Trésorière, huet net bei de Chamberwale kandidéiert)

Personalfroen

D’Zesummesetzung vun den Delegatioune léist nach keng definitiv Aussoen doriwwer zou, wien eng Chance huet an der nächster Regierung ze sinn. Aus CSV-Kreesser héiert een awer eppes ganz däitlech: De Luc Frieden wëll eng méiglechst jonk Regierungsequipe. Déi al CSV-Garde, dorënner fréier Ministeren, kéint deemno manner zum Zoch kommen.

Zu de Koalitiounsverhandlunge gehéieren och Personalfroen. Ze klären ass, wéi grouss déi nächst Regierung gëtt a wéi vill Posten all Partei zoustinn. Wéi den 100,7 gemellt huet, gëtt de Xavier Bettel als neien Ausseminister gehandelt. Nimm wäerte béid Parteien awer réischt ganz zum Schluss vun de Verhandlunge confirméieren.  Ze kläre bleift och, wie Lëtzebuerg an Zukunft an der EU-Kommissioun vertrëtt.

Wéi gëtt geschafft?

Dem Formateur Luc Frieden seng Aufgab ass et eng Aarbechtsmethod an een Zäitplang ze proposéieren. Zesumme muss ee sech dann doriwwer Eens ginn, wéi eng thematesch Aarbechtsgruppen agesat ginn. Gewéinlech sinn an deene Gruppen dann aus béide Parteien nach zousätzlech Leit dobäi, déi sech an engem Beräich gutt auskennen. An och extern Experten, dorënner d’Cheffe vu wichtege staatleche Verwaltungen, ginn invitéiert.

Um Ufank vun de Koalitiounsverhandlunge gëtt gewéinlech ee Kassensturz gemaach: D’Situatioun vun de Staatsfinanzen an déi wirtschaftlech Perspektive setzen de Kader fir d’Verhandlungen.

Wouriwwer gëtt verhandelt?

Dat zentraalt Walkampfversprieche vun der CSV ware Steierreduktioune fir Privatleit a Betriber. Obwuel och d’DP an hirem Programm Steiererliichterungen an Aussiicht gestallt huet, kéinten d’Verhandlunge komplizéiert ginn. Well de Finanzement net kloer ass, an déi ekonomesch Aussiichte schwiereg.

D’DP huet dowéinst am Walkampf drop bestanen, datt d’Steiere just reduzéiert ginn, wa finanziell Sputt do ass. Den CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden gesäit dat anescht: hie schléisst net aus Steierreduktiounen duerch d’Kierze vu Sozialausgaben an Investissementer géingen ze finanzéieren. Dat setzt viraus, datt béid Parteie sech Eens ginn, wou ka gespuert ginn.

Méiglech Konfliktpunkten

An do fänkt déi laang Lëscht vu méigleche Konfliktpunkten och schonn un. CSV an DP hunn am Walkampf versprach d’Logementskris ze léisen. Mee si si sech net Eens, wéi eng Roll de Staat dobäi soll spillen.

D’DP nennt an hirem Walprogramm de Wiener Modell als Virbild, also: ee massiven Ausbau vum abordabele Wunnraum an ëffentlecher Hand. Déi Liberal soten am Walkampf, datt méi Steiervirdeeler fir Immobilieninvestisseurë net d’Léisung sinn. D’CSV vertrëtt hei ganz aner Positiounen.

Offensichtlech Sträitpunkte sinn och d’Familljen- a Bildungspolitik. D’CSV wëll Elteren ënnerstëtzen, déi doheem bleiwe fir hir Kanner ze betreien. D’DP ass strikt géint Ureizer, fir datt Elteren hiren Job zäitweis komplett opginn.

Déi Liberal wëllen dann och d’Offer vun internationale Schoulen ausbauen an déi franséisch Alphabetisatioun an alle Grondschoulen ubidden. D’CSV gesäit dat ganz skeptesch. Mee hire Spëtzekandidat ass als fréiere President vun der Handelskammer vläicht méi pragmatesch.

Wou herrscht Konsens?

Méi kloer op enger Linn leien CSV an DP an de Beräicher Santé, Sécherheet an administrativ Vereinfachung.

Béid Parteie si fir eng méi liberal Approche, déi et den Dokteren erlaabt méi Aktivitéite baussent de Spideeler unzebidden.

An der Sécherheet sinn CSV an DP fir eng méi repressiv Approche: D’Comparution immédiate, also ganz séier Geriichtsprozedure fir kleng Strofdoten, steet a béide Programmer. Och eng Gemengepolice kéint nees agefouert ginn.

Manner Bürokratie ass och Konsens: wéi genau dat soll ëmgesat ginn, muss awer nach diskutéiert ginn.

Gemeinsam Ziler, aner Approche

Béid Parteien hunn am Walkampf versprach, eng ambitiéis Klimapolitik ze maachen an d’erneierbar Energien auszebauen. Wéi vill Suen de Staat dofir kann ausginn, hänkt dervun of, wat d’Steierreform kascht, déi fir d’CSV am Walkampf méi Prioritéit hat.

Wat geschitt, wann d’Klimaziler net erreecht ginn a méi drastesch Mesuren néideg sinn, hu weder d’CSV nach d’DP bis ewell beäntwert.

D’Aussoen am Walkampf deiten éischter drop hin, datt ee sech Eens ass, am Koalitiounsaccord keng Äntwert op dës brenzeleg Fro ze ginn.

Wéini steet eng nei Regierung?

2009, 2013 an 2018 hunn d’Verhandlunge jeeweils ee Mount bis annerhallwe Mount gedauert. De Formateur Luc Frieden sot e Méindeg: “Fir mech ass et kloer, datt et net ze laang soll daueren. Well ech fannen et net gutt, wann ee Land ze laang keng handlungsfäeg Regierung huet.”

Lauschterenplay_arrow