Schonn no e puer Minutten war déi éischt Séance eriwwer. De Yoon Suk Yeol war net do. D‘Geriicht huet elo eng nächst Scéance fir en Donneschdeg annoncéiert.
De President war vum Parlament an engem Vott ofgesat ginn nodeems hie probéiert hat, d‘Krichsrecht am Land ze imposéieren. D‘Verfassungsgeriicht muss decidéieren, ob seng Ofsetzung legal war oder net.