Radioen

On air

Tockcity  |  Circa Waves - Let's Leave Together

play_arrow Live
search

/ Optakt vun den Trauer-Zeremonien am Iran

Nom Doud vum President Ebrahim Raisi

Optakt vun den Trauer-Zeremonien am Iran

Am Iran fänken haut d‘Trauer-Zeremonien nom Doud vum President Ebrahim Raisi un. Hie war virgëschter ëm d'Liewe komm, wéi säin Helikopter erofgefall war.

auto_stories

1 min

D'Zeremonië fänken zu Tabris am Nordwesten un. Dohi waren d'Läiche vum President an den 8 weideren Doudesaffer bruecht ginn.

Den ieweschten iranesche reliéise Leader Ajatollah Chamenei huet eng Staatstrauer vu fënnef Deeg deklaréiert. En Datum fir en neie President ze wielen, ass nach net bekannt.

Déi iranesch Arméi huet iwwerdeems eng detailléiert Enquête gefuerdert fir ze ënnersichen, fir wat den Helikopter erofgefall ass. Experte vum iranesche Verdeedegungsministère goufe mat der Enquête beoptraagt.