Radioen

On air

One World  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Oppositioun onzefridde mam Budget vun der Stad Lëtzebuerg

Reaktioun op de Stater Budget

Oppositioun onzefridde mam Budget vun der Stad Lëtzebuerg

D’Oppositiounsparteie spueren net mat Kritik um Budget vun der Stad Lëtzebuerg. Et wier e Weiderféiere vun der Politik vu bis elo, an et géif un Ambitioune feelen, fannen d’Vertrieder vun LSAP, “waarm Loft” ass et souguer fir déi gréng.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

D’Stad géif haaptsächlech Politik fir déi Räich maachen, do si sech d’Vertrieder vun den Oppositiounsparteien eens. Dat géif ee virun allem an der Logementspolitik mierken. De Gabriel Boisante vun der LSAP freet sech, wou d’Versprieche vun der Koalitioun am Logement elo sollen ëmgesat ginn.

“Wou sinn déi héich Dépenses exceptionnelles fir de Logement, déi versprach gi sinn? Wou sinn déi 100 Millioune pro Joer? Wou sinn déi substanziell Ännerungen?”

Et géif un Initiativ feelen, fir vill méi ze bauen an d’Kris “an enger couragéiser Aart a Weis” unzepaken. A punkto Logement wier de Budget vun der Stad Lëtzebuerg ze eidel. Déi Mesuren déi de Staater Schäfferot decidéiert hätt wieren „éischt Kosmetik“.

Ronn 500 Milliounen Euro fir de Logement virgesinn

Et wier zwar eng positiv Entwécklung vun den Objets en location vun 920 op 986 an dräi Joer. Mee dat wieren eng 18 Wunnenge méi pro Joer um Locatiouns-Marché, an dat wier net genuch.

Mat engem Defizit vun 219 Milliounen Euro war de Budget ufanks der Woch vum schwaarz-bloe Schäfferot presentéiert ginn. Fir de Logement sinn am ganzen eng ronn 500 Millioune virgesinn. E Méindeg dann ass de Vott vum Stater Budget 2024.

Lauschterenplay_arrow