Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Oper 2023 am Stater Conservatoire

Kultur

Oper 2023 am Stater Conservatoire

De Freiden 24. a Sonnden 26. November kann een am Stater Conservatoire eng ganz besonnesch Oper kucke goen. D’Chant Lyrique Klassen ginn op d’Bün a presentéiere eng Reinterpretatioun vum W.A. Mozart sengen Operen.

auto_stories

1 min

Foto: Fernand Reisen

Hir Enseignanten, d’Hélène Bernardy an d’Monique Simon hunn zesumme mat der Pianistin Emmanuelle Bizien Extraiten aus bekannten Operen vum Mozart nei arrangéiert. D’Hélène Bernardy erkläert de pedagogeschen Aspect vum Projet:

Lauschterenplay_arrow

D’Editioun 2023 vun der Oper am Stater Conservatoire, zësumme mam sinfoneschen Orchester vun de Proffen an ënner der Baguette vum Carlo Jans ass Freiden, de 24. November um 20 Auer an e Sonnden, de 26. November um 16 Auer am Auditorium vum Conservatoire an der Stat. Weider Informatiounen, esou wéi d’Reservatioun vun de gratis Ticketen fannt dir hei.

Kultur
Klassik