arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op en Neits an der Debatt: D'Never-ending Veggie-Burger-Story

EU-Parlament

|
reading time

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Op en Neits an der Debatt: D'Never-ending Veggie-Burger-Story

Am EU-Parlament loosse verschidden EU-Deputéiert net labber. Si setze sech weider dofir an, datt Nimm wéi “Burger” oder “Wurscht” fir Veggie-Produiten verbuede ginn. Eng Allianz vun Interesseverbänn aus dem Veggie-Secteur rifft dozou op, déi Debatt net nach eng Kéier ze féieren.

reading time

4 min

headphones

5 min

play_arrow
© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot)

Zu Bréissel kënnt et haut zu engem Déjà-Vu. D’Debatt iwwer de Veggie-Burger ass nees do.

Haut um Mëttwoch gëtt an der Agrar-Kommissioun vum Europaparlament iwwer eng Partie Amendementer vun engem Gesetz iwwer d’Konditiounen vum Agrarmarché diskutéiert. An do stécht en nees dran: De Verbuet vum Numm "Burger" fir Produiten, déi net zu 100 Prozent aus Fleesch bestinn. 

Verschidden Europadeputéiert loossen net labber a wëllen elo nach méi wäit goen. Eng "No Confusion Coalition" aus Konsumenten-, Ëmwelt-, an Déiereschutz-Organisatiounen, genee ewéi Vertrieder:innen aus dem Veggie-Secteur, mécht elo een Appell un d’Europadeputéiert, sech net op eng nei Oplag vun dëser aler Debatt anzeloossen.

Decisioun am Februar schränkt Nimm fir Veggie-Produiten an 

Am Februar hat de Camps vun deenen, déi sech dofir asetzen, datt Fleeschnimm fir Planzeproduiten tabu sinn, eng kleng Victoire erlieft. Eng 30 Nimm, ewéi zum Beispill Beef, Poulet oder Speck, dierfen an Zukunft an der EU exklusiv fir Fleesch gebraucht ginn.

"Burger" oder "Wurscht" awer si bis elo nach erlaabt. Déi nei Reegelen trieden den 19. August 2029 a Kraaft. De Secteur huet also nach dräi Joer Zäit fir sech drop anzestellen.

Secteur rechent mat zousätzleche Käschte fir de "Rebranding" 

Et gëtt allerdéngs mat ekonomesche Konsequenze gerechent, seet de Rafael Pinto vun der "European Vegetarian Union", deen och Spriecher vun der "No Confusion Coalition" ass. 

"D’Chifferen, déi mir aus enger Etude an Däitschland hunn, soen, datt ee volle Verbuet vun Nimm inklusiv Burger a Wurscht ronn 200 Milliounen Euro kaschte géif - just um däitsche Marché. Mir wëssen, datt héich Käschte fir de Rebranding entstinn. Net ze schwätzen natierlech vum Risiko, datt Konsumenten dono manner dovu kafen." 

Soja-Drink amplaz Soja-Mëllech: Keng negativ Konsequenzen am Mëllechsecteur

Am Mëllechsecteur war dat allerdéngs net de Fall. Zënter 2017 dierf een Ersatzproduit fir meeschtens Koumëllech zum Beispill aus Soja oder Huewer net méi "Mëllech" genannt ginn. Dowéinst gesinn an der Haaptsaach d’Tetra-Päck esou aus, wéi wa Mëllech dra wier, drop steet awer zum Beispill Soja -Drink. Dat ass ville Leit net opgefall an huet dem Secteur net geschuet.

Am Contraire, en ass weider amgaangen ze wuessen.

Ass also alles hallef esou wëll? Nee, seet de Rafael Pinto. D’Konsumente kënne bis zu engem gewësse Punkt ënnerscheeden, mee am Fleeschersatz-Secteur ass d’Panoplie vun de Produite vill méi grouss. Dowéinst hunn hei d’Nimm oder d’Bezeechnungen eng vill méi grouss Envergure. 

"Wa mir op engem Veggie-Pak ee Wuertspill mat Poulet oder Steak gesinn, da versti mer, wéi een dat kache soll, wéi et schmaache soll - also wéi een et asetze kann."

Och Gehacktes, Bouletten oder Schnitzel sollen op déi schwaarz Lëscht 

Nei ass d’Propose, datt och Hybrid-Produiten, déi deels aus Déiere-Proteinnen an deels aus Planzeproteinne bestinn, géifen op déi schwaarz Lëscht kommen.

Dat ass ee vun deene Secteuren, déi den Ament an Holland, Däitschland oder Dänemark am séierste wuessen. 

"Esouguer Burger mat 50 oder 60 Prozent Fleesch dran, kéinten net esou heeschen. Dat wier ganz einfach Blödsinn. Um Marché si Burger oder Wurschten, déi all Zort vun Ingredienten hunn, a sécher net all zu 100 Prozent aus frëschem Fleesch bestinn."

D’Parlament géing hei seng Zäit mat Debatte verléieren, amplaz sech em déi reell Suerge vun de Baueren ze bekëmmeren, schreiwen d’ONGen an d’Produzenten an hirem Appell. Ëmmerhi géif elo fir d’Drëtt doriwwer ofgestëmmt.

Onkloer, ob et wierklech zu enger neier Debatt op EU-Niveau kënnt

Nach ass näischt decidéiert. Am Parlament setze sech och eng Partie Deputéiert dofir an, déi schwaarz Lëscht ganz ze sträichen. An och d’Memberlänner hunn nach ee Wuert matzeschwätzen. Vun hinnen hatesech virun allem Frankräich, Italien, Spuenien an Ungarn fir ee Veggie-Burger-Verbuet agesat. 

Lëtzebuerg huet do net explizit dozou gehéiert. D’Agrarministesch Martine Hansen hat awer an der Debatt betount, datt Fleesch sollt wéi Mëllech behandelt ginn, also d’Nimm misste fir de Veggi-Secteur ageschränkt ginn.

Beim Vott am Oktober 2025 am Europaparlament hat sech d’Majoritéit schonn eng Kéier fir ee Verbuet vu Veggi-Burger oder Wurscht ausgeschwat - deemools hat kee vun de sechs Lëtzebuerger EU-Deputéiert dofir gestemmt. D’Propos hat sech och um Enn net duerchgesat.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

play_arrow Lauschteren