arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op en Neits Explosiounen hënt an der afghanescher Haaptstad Kabul

Pakistan / Afghanistan

|
headphones

1 min

Op en Neits Explosiounen hënt an der afghanescher Haaptstad Kabul

An der afghanescher Haaptstad Kabul waren hënt Explosiounen a Schëss vun der Loftofwier ze héieren, genee wéi zu Dschalalabad. An och zu Torkham, un der Grenz mat Pakistan, ginn d'Affrontementer virun, déi do schonn zënter en Donneschdeg daueren.

headphones

1 min

© EPA/SAMIULLAH POPAL
(Foto: EPA/SAMIULLAH POPAL)

Den Afghanistan hat dunn eng Offensiv lancéiert, no pakistaneschen Attacken aus der Loft.

No der afghanescher Offensiv hat Pakistan den Taliban de Krich erkläert, well déi Terroristen ënnerstëtze géifen, déi Attentater a Pakistan duerchgeféiert hätten.