search

/ Op d'mannst zwee Euro pro Pak: Nei EU-Importreegel vun haut un aktiv

China am Viséier

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Op d'mannst zwee Euro pro Pak: Nei EU-Importreegel vun haut un aktiv

Wann een eppes aus engem Net-EU-Land bestellt kéint dat vun elo u méi deier ginn. Vun haut un ass nämlech eng weider EU-Reegelung a Kraaft, déi Beaarbechtungsfraise vun 2 Euro pro Wueren-Zort verlaangt. Zënter Juli ass schonn eng pauschal Douanestax vun 3 Euro pro Pak aktiv.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / Eibner-Pressefoto | Fleig / Eibner-Pressefoto
(Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Fleig / Eibner-Pressefoto)

Datt elo awer all Privatconsommateur direkt 5 Euro pro Pak méi bezilt ass net onbedéngt de Fall. 

Reng rechtlech mussen d’Online-Plattformen déi nei Fraisen nämlech selwer iwwerhuelen. Et kéint awer sinn, datt si hir Präisser erhéije fir dat nees eranzehuelen. An deem Fall géif et awer op de private Consommateur zeréckfalen.

China am Viséier

D’EU huet déi Moossnamen ergraff fir dem Online-Handel, virun allem aus China, entgéintzewierken an déi europäesch Industrie ze schützen. Besonnesch Produite vu Shein oder Temu iwwerschwemmen nämlech den europäesche Marché.

Bis Juli war et esou, datt op Päck mat engem Wäert ënner 150 Euro keng Importtax erhuewe gouf. Dat huet dëst Joer geännert an et gëtt eng pauschal Tax vun 3 Euro op Päck, déi aus Net-EU Länner importéiert ginn.

"Pakflut" suergt fir méi Aarbecht fir d'Douane

Domat wëllt een och verhënneren, datt den Zoll duerch d’Schécke vu lauter klenge Päck evitéiert gëtt. Gekuckt gëtt op d’Zort vun der Wuer: Op dräi T-Shirte ginn 3 Euro fälleg. Bei dräi T-Shirten an enger Auer géife 6 Euro fälleg ginn. Dat, well et zwou verschidden Zorte vu Wuer sinn.

Vun haut u gëllt dann och eng Beaarbechtungstax vun zwee Euro. Déi soll déi weider Aarbecht vun der Douane rembourséieren. Duerch déi grouss Unzuel vu Päck, haaptsächlech aus China, ass den Aarbechtsopwand fir d’Douane zënter e puer Joer nämlech vill méi héich.  

play_arrow Lauschteren