search

/ Op d'mannst een Doudegen bei Schosswiessel virun israeelescher Ambassade zu Istanbul

Tierkei

|
reading time

1 min

Op d'mannst een Doudegen bei Schosswiessel virun israeelescher Ambassade zu Istanbul

Déi Persoun, déi bei der Schéisserei ëm d'Liewe koum, soll ee vun den dräi Ugräifer sinn, heescht et. Déi zwee aner solle blesséiert a festgeholl gi sinn. Vum Inneministère heescht et, datt et Verbindungen zu enger terroristescher Organisatioun ginn hätten.

reading time

1 min

Zwee tierkesch Polizisten virum Gebai zu Istanbul wou d'israeelescht Konsulat dran ass | © EPA/STRINGER
Zwee tierkesch Polizisten virum Gebai zu Istanbul wou d'israeelescht Konsulat dran ass (Foto: EPA/STRINGER)

Och zwee Poliziste solle liicht blesséiert gi sinn.

Den tierkesche Justizminister huet matgedeelt, datt d‘Ugräifer identifizéiert goufen an datt eng Enquête an d‘Weeër geleet gouf. Déi israeelesch Ambassade war iwwerdeems net besat.