Radioen

On air

Tockcity  |  Phantogram - Attaway

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ China rifft zum Fridden an der Ukrain an diplomatescher Léisung op

Krich an der Ukrain

China rifft zum Fridden an der Ukrain an diplomatescher Léisung op

Nodeems d’USA ugekënnegt hunn, Kiew am Krich mat Russland Laangstreckerakéite liwweren ze wëllen, rifft China op en Neits zum Fridden an der Ukrain op.

auto_stories

1 min

De Spriecher vum chineeseschen Ausseministère sot de Moien zu Peking, d’Situatioun an der Ukrain misst sou séier wéi méiglech berouegt ginn, an et misst séier zu engem Waffestëllstand an zu enger politescher Léisung kommen. De Kreml huet iwwerdeems gemengt, den US-President Joe Biden géif Ueleg op d’Feier geheien, andeems hien ukrainesch Rakéitenattacken op Russland erlaabt. An der ukrainescher Hafestad Odessa sinn de Moien op d’mannst 8 Leit duerch eng russesch Rakéitenattack gestuerwen.

An der ukrainescher Hafestad Odessa sinn um Méindegmoien op d’mannst 8 Leit duerch eng russesch Rakéitenattack gestuerwen. Donieft wären 18 Persoune blesséiert ginn, 4 dovu méi uerg. D’russesch Rakéit hat an engem Wunn-, respektiv Geschäftsquartier ageschloen.